Tëscheruff vum Guy KaiserDomm gelaf

An zwar fir jiddereen, een Tëscheruff vum Guy Kaiser.

Den Henri Grethen huet déi eenzeg richteg Decisioun geholl: viru Woche schonn hat hien duerchblécke gelooss, datt deen Hearing an der Europäescher Zentralbank schlecht gelaf ass. Et huet ee mussen tëscht den Zeile liese kënnen, fir sech dat confirméieren ze loossen, wat een déi Méint virdrun ze héiere krut: den Henri Grethen huet sech als fréiere Wirtschaftsminister, als Politiker tout court net nëmme Frënn gemaach. Et soll Leit ginn, déi nach eng Rechnung bei him opstoen haten, Leit aus dem Finanzsecteur, déi natierlech hir Ramifikatiounen zu Frankfurt hunn. Dem DP-Mann seng Chancen stoungen also schlecht, onofhängeg vum Fait, datt hien net déi néideg Diplomer huet an och ni fir e Finanzinstitut geschafft huet. Et blouf him also näischt aneschters iwwereg, ewéi déi Decisioun ze huelen, sech aus der Course zeréckzezéien. Säi Mandat op der europäescher Cour des comptes leeft nach bis Enn 2019.

Tëscheruff vum Guy Kaiser (4. November)


Wat d'Regierung betrëfft a virun allem den Aarbechtsminister: et war gewosst, datt den Nicolas Schmit sech wéilt aus der Politik zeréckzéien. Kommissär zu Bréissel wollt hie ginn, blöd just, datt en anere Lëtzebuerger President vun de Kommissäre gouf. Blöd och, datt aus dem Deal ëm den Henri Grethen och näischt gouf. De Mann bleift also bis op Weideres an der Regierung.

Ech perséinlech hunn hien ëmmer respektéiert, och wann hie munnechmol e bësselche méi graff an iwwerhieflech ass am Ëmgang mat Mënschen: de Minister schafft vill, huet villes ëmgesat, gehéiert nach zu deene Sozialisten, déi et fäerdeg bréngen, d'Parteibasis ze begeeschteren an z'iwwerzeegen. Eigentlech bräicht d'LSAP där Leit méi. An där Partei ginn ech d'Schold, mat dësem Deal esou generéis an d'Ëffentlechkeet gaangen ze sinn: si huet domatter sech selwer an ee vun hiren Zaldoten diskreditéiert, an déi potentiell Nofolgerin, d'Tess Burton am Reen stoe gelooss.

Esou krut jiddereen seng Britt; dat ass bekanntlech eng Zopp, an déi kann d'Regierung elo eleng ausläffelen. An d'Spuerkeess huet ëmmer nach kee President vun hirem Verwaltungsrot!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.