Commentaire vum Eric HamusWahlen an den USA: Kaum Gewënner, vill Verléierer

An den USA gëtt en Dënschden en neien Präsident gewielt. An et kann een sech wierklech d'Fro stellen, op d'Amerikaner den Owend an deem nämmlechte Land an d'Bett ginn, wéi an deem se de Moien opgestane sinn. D'Angscht, déi ass nämlech omnipräsent. Dat huet eise Mann op der Plaz an de leschten Deeg perséinlech konnte feststellen. Gedanken zum „Election Day“ vum Eric Hamus.

© Eric Steichen

Do wieren d'Demokraten, déi ee volatillen Donald Trump fäerten, deen an hiren Aen einfach net d'Kapassitéite matbréngt, fir 4 Joer am Wäissen Haus. Minoritéiten, déi domadder rechnen, datt d'Vereenegt Staaten ënnert dem ëmstriddene Milliardär e radikale Rutsch no riets maachen. Jonker, déi sech vu kengem vun deenen zwee Kandidate representéiert villen. Wieler, deenen de ganze Bullismatch schonns zanter Wochen zum Hals eraus hänkt a vill léiwer déi aktuell Problemer adresséiert gesinn hätten. Waffe-Supporter, déi ënnert engem Hillary Clinton ëm hiren Hobby fäerten. Oder Republikaner, deenen zu Washington ënnert enger demokratescher Presidence einfach ze vill aus dem Rudder gelaf ass an déi Trump-Supporter, déi een Hillary Clinton am Léifsten an deen däischterste Keller späre wëllen – fir et elo nach fein auszedrécken.

Commentaire: Eric Hamus (8. November 2016)


Egal, wéi et den Owend ausgeet: Dee Wahlkampf wäert nach laang nowierken. Schonn eleng nëmmen wéinst dem Mësstrauen, dat d'Wieler an d'Géigesäit hunn – ob déi elo Trump oder Clinton heescht. Nach ni war d'Stëmmung esou gereizt, de Gruef esou déif tëscht Demokraten an Republikaner.

Wann ee mat engem Amerikaner iwwer d'Wahle schwätzt, da kuckt een an der Regel fir d'éischt ronderëm sech, iert een da seng Meenung seet. An d'Nimm vun den zwee Protagoniste gi prinzipiell just gepëspert. Wéi wann hannert all Luuchtepotto een Denunziant lauert. Fir et mat enger Referenz aus der Popkultur ze ëmschreiwen: He – or she – who must not be named. Trump a Clinton als modern-amerikanesch Voldemort'en.

A fir dobäi ze bleiwen: Wee spillt dann elo de Rôle vum gudden Harry Potter? Deen anere Kandidat? Wuel kaum – dofir sinn d'Wäerter vun deenen zwee ze katastrophal. Dernieft ass nach laang net gesot, op de Vainqueur den Owend mat esou enger Marge aus der Course geet, datt seng Legitimitéit net kann a Fro gestallt ginn.

D'Bierger selwer? Dofir goufen et an de leschte Wochen einfach ze vill Ausernanersetzungen, Streidereien an Schluechten, déi sech tëscht zwou Ideologien opgebaut hunn. Et ass wéi an den Zäiten vum McCarthy: Keen traut dem Noper méi iwwert de Wee. E kéint jo ee vun der anerer Säit sinn. An d'Medien selwer? „I don't think so“ ... D'Couverture vun de groussen Medienhaiser war einfach ze eesäiteg, ze parteiesch – an do muss een sech vläicht esouguer un der eegener Nues huelen.

Den Owend kann et deemno just nëmmen ee Vainqueur ginn: An deen heescht entweder Donald Trump oder Hillary Clinton. An och dat sief fir den Ament mol dohi gestallt. Alleguerten déi aner Acteure ginn eidel aus. D'amerikanescht Vollek kann engem u sech scho bal leed doen ... wier do net déi Theorie, datt all Bierger déi Regierung kréien, déi se verdéngen. Nach ni virdrun war dëse Sproch esou wouer ...

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.