Commentaire vum Luc MartelingMat där Iwwerraschung hätt ee misse rechnen

Där Meenung ass op alle Fall de Luc Marteling vun der RTL.LU-Redaktioun. Hien analyséiert den Trump-Duerchmarsch aus psychologescher Siicht.

Tjo, domm gaang, lo ass eben dat geschitt, woumat een net gerechent hat. Dat ass awer net dem Trump seng Schold, dat ass eis eege Schold, well am Fong hätt ee sech konkret mat der Optioun vun engem President Trump musse befaassen. Amplaz déi Figur an d'Lächerlecht ze zéien a se quasi als "onwielbar" ofzestempelen.

Vläicht ass se dat souguer, ass europäescher Vue souguer zimlech sécher, ma dorëm geet et net. Net bei Wahlen. Do spillen aner Gesetzer. Do spillen Emotiounen. Do spillt Psychologie. A mat där léisst sech de Succès vum Phänomen Trump op d'mannst zum Deel erklären.

Wann een an enger Wahl d'Wahlméiglechkeeten duerch Drock vu baussen aschränke wëll, dann dierf ee sech net wonneren, wann d'Leit mat Reaktanz reagéieren - also mat Widderstand géint eppes, wat si als Aschränkung empfannen. A psycheschen Drock gouf jo nawell genuch op Trump-Sympathisanten ausgeüübt. Hinne gouf hir Optioun quasi ofgeschwat, si kruten hir Beweegungsfräiheet ageschränkt - an hunn esou reagéiert, wéi Mënschen dann ebe gäre reagéieren: sensibel respektiv mat engem "Klibber mech!" Jetzt erst recht gouf dunn dat gemaach, wat een am Fong net maache sollt.

Dir fannt dat net gutt? Dann erënnert Iech emol un de Vote iwwer d'EU-Verfassung zu Lëtzebuerg oder denkt einfach un de leschte Referendum zeréck. Oder un de Brexit-Votum vun de Briten. [Wéi lernfäeg ass eis Politik iwwerhaapt?] Wann een ëm seng Meenung gefrot gëtt a gläichzäiteg kritt een eng aner imposéiert, also suggeréiert, datt u sech jo awer just eng Äntwert a Fro kënnt, da brauch ee sech net ze wonneren, wann nach just emotional an net méi rational gehandelt gëtt. Klassesch Beispiller fir Reaktanz.

An Amerika waren am Fong all d'Wieler potenziell Reaktanz-Affer, well wéi scho beim George W. Bush hat een den Androck, déi hallef Welt wéilt den Amie virschreiwen, wie si ze wielen hätten - oder méi richteg: wie se op d'mannst emol net ze wielen hätten. Mat Ausnam natierlech vum neien USA-Aficionado zu Moskau ...

Trump ass Tromp: Deen "onméiglechen" Kandidat huet dat Onméiglecht wouer gemaach a plënnert an d'Wäisst Haus.


Och datt d'Meenungsinstituter mat hiren Ëmfroen, an där gouf et jo genuch, nawell dernieft louchen, léisst sech psychologesch erklären - mat der sougenannter "Schweigespirale". Dës scho méi al Theorie beseet, datt et an enger Gesellschaft eng Majoritéit ka ginn, déi sech net zu Wuert mellt, well se mengt, si géif eng aner Meenung vertrieden, wéi déi, déi moralesch akzeptéiert ass, an doduerch riskéieren, sech ze isoléieren. An dësem Fall: den Trump wielen ... Aus Angscht a Konformitéitsdrock äusseren déi Leit sech net ëffentlech, ma an der Wahlkabinn sti si dann awer zu hirer Iwwerzeegung, déi se dann, o Wonner, mat ganz villen aneren deelen. Si waren einfach en Deel vun der "schweigende Mehrheit". Net einfach fir Meenungsfuerscher.

Als gudden Demokrat muss een elo mam Resultat liewen an dat Bescht draus maachen. Dat muss iwwregens och deen neien US-President, fir deen dat wahrscheinlech genee esou en Defi duerstellt.

An op en Neits weist sech déi schonn al Erkenntnis, datt Demokratie opgekläert an informéiert Bierger brauch. Soss ka se net funktionéieren. Soss riskéiert se, sech selwer ofzeschafen. Dofir ass et effektiv bedauerlech, datt de Grondprinzip vum amerikanesche politesche System, nämlech "Checks and balances" (géigesäiteg Kontroll), duerch déi republikanesch Dominanz am Kongress riskéiert, ausgehiewelt ze ginn

Wat d'Formatioun vun opgekläerten an infoméierte Bierger ugeet, do spillt d'Educatioun eng zentral Roll an och d'Medien hunn dobäi eng grouss Responsabilitéit. Ma et ass natierlech méi einfach, op verbal Entgleisunge vun engem Kandidat anzegoen, wéi sech profund mat deem Personnage a sengen Iwwerzeegungen ausenanerzesetzen. Dofir ass op dëser Plaz e Mea Culpa ubruecht.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.