Commentaire vum Jean-Marc Sturm"Dir kënnt eis emol"

Amerika huet gewielt. Den Donald Trump ass den nächste Locataire am wäissen Haus. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

A senger éischter Ried huet den Trump conciliant Téin ugeschloen. Hie wéilt de President vun allen Amerikaner sinn. Dobäi sinn d'vereenegt Staaten den Ament alles anescht wéi vereent.

Commentaire: Jean-Marc Sturm (10. November)


Och d'Republikaner si gespléckt. Den Trump huet während der Wahlcampagne seng eege Parteikollege beleidegt.

Fir eng gutt Portioun Balsam suergt do awer elo, dass si am Kongress, also sou wuel am Senat wéi och am Representantenhaus, d'Majoritéit hunn. Elo kann ee gespaant sinn, wéi et viru geet mam Obama senger Gesondheetsreform, dem Weltklimaofkommes, dem Atomaccord mam Iran, der Ouverture Richtung Kuba etc. Lauter Dossieren, déi den Trump während der Wahlcampagne a Fro gestallt huet. Dobäi kënnt d'Mauer laanscht d'mexikanesch Grenz.

De Mann huet während där Campagne d'Frae, d'Press, d'Immigranten  d'Moslemen an esou guer e Puppelche beleidegt. Hien huet keng Erfahrung wéi eng ëffentlech Administratioun geréiert gëtt an eng Faillite hannert sech, déi sech gewäsch hat. Den Trump huet a Saachen Economie oder och Soziales bis ewell éischter diffus, deels kontradiktoresch geschwat. Een onséchert Ëmfeld, duerch dat d'Finanzmäert direkt den Hick kritt hunn.

Et bleiwen awer och soss vill Froen: Virop wat déi zukünfteg Relatiounen tëscht den USA an Europa betrëfft. Als Géigner vun der Globalisatioun wäert et net kamoud sinn, mam Trump a sengem "America first" iwwer Fräihandel ze diskutéieren. De Mann, deen ëmmer an der Offensiv ass, wäert den NATO-Partner soen, dass si net nëmme finanziell méi e grousse Bäitrag an der NATO solle leeschten, mä och soss méi fir déi eege Sécherheet musse suergen.
Dozou gehéiert an den Ae vum Trump och méi europäeschen Engagement a Syrien an am Irak. D'Europäer di gutt drun, virun allem och nom Brexit-Vote, geschlossen do ze stoen.

Den Trump huet eppes definitiv scho fäerdeg bruecht:
Hien huet an de Primaries bei de Republikaner d'politescht Enn vum Bush-Clan, a bei de Presidentschaftswahlen dat vum Clinton-Clan agelaut.
De Vote an den USA war e Bestrofe vum politeschen Establishmen, nom Motto : „Dir kënnt eis emol“. D'Leit fillen sech net méi vun deene Sphäre representéiert.

Do kann een op déi franséisch Presidentielle gespaant sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.