Commentaire vum Roy GrotzZréck bei den 80-20-Modell?

D'Welt dréint - a Lëtzebuerg dréint mat. Um séchere Wee geet et an Direktioun vun iwwer enger Millioun Awunner. Dat brauch keen z'erféieren, well mir wëllen dat jo ... an zwar inklusiv deene gudde Pensiounen an de generéise Sozialsystemer am Réck.

Mir hu jo och zanter e  puer Wochen e Kompass, ee wou d'Nol de Norden weist, a wou d'Rifkin-Bibel de Wee an d'drëtt industriell Revolutioun virzeechent. Mam Zauberstaf soll also d'Lëtzebuerger Mentalitéit changéiert ginn a vun engem passive Konsument zu engem Prosumer ginn, engem solidaresche Konsument, deen och nach derfir responsabel ass, selwer Energie ze produzéieren an op d'Ressourcen opzepassen.

Commentaire: Roy Grotz (29. November)


Dass mer eis gutt verstinn: den Exercice, deen d'Aarbechtsgruppen am Virfeld vun der Rifkin-Etude, gemaach hunn, ass e Gudden, en Nëtzlechen a Sënnvollen, well jo och implizit eise Liewensmodell a Fro gestallt gouf, mee zu wat féiert elo de Rapport deen de Wee an d'Joer 2050 virzeechent - ouni awer, datt d'Gewerkschaften d'Chance kruten un deem Pabeier mat ze schaffen?

Ech hunn d'Gefill, wéi wa mer a Saache Rifkin - grad do also, wou d'Zukunft viséiert war - éischter nees e Réckschrëtt maachen a mer zeréckfalen an den 80-20-Schema, dee mer kannt hu beim Referendum a wou sech d'Lëtzebuerger a genee deem Taux opgespléckt hunn. Och wann de Rifkin-Rapport vläicht net mat Emotioune Grief oprappt, sou ass et jo dach awer elo esou, datt wuel 20% hannert deenen Iddie stinn a se matdroen an déi aner -d'Majoritéit vun de Leit - deem Ganzen éischter skeptesch géintiwwer steet.

An dann froen ech mech: wou ass d'Politik an deem Ganzen?

Et gëtt d'Differenz Droite/Gauche geschwënn net méi - just nach Pro-Rifkin oder net; an dat "Nieft der Politik"-Stoe kann engem ze denke ginn, well et dach d'Politiker solle sinn, déi als Visionären eist Land gestalten?

Oder éieren net?

Oder hunn dat schonn längst Rifkinen an aner Consultante vun de Big Four iwwerholl - deene jo nogesot gëtt, esouguer am Staatsrot d'Fiedem mat ze zéien?

Wou ass d'Droite an där ganzer Zukunftsdiskussioun bliwwen? Wat ass vum Claude Wiseler sengem Modell fir Lëtzebuerg iwwreg? Hätt sech d'CSV net méi aktiv nach missten amëschen an d'Debatten ëm d'Zukunft vum Land?

A wéi ass et ze verstoen, datt u sech op Basis vun de Rifkin-Thes sollt diskutéiert ginn, mee awer d'Regierung schonn hir Piste fäerdeg do leien hat?

Stéchwierder: Energie-Internet, Elektromobilitéit, Kreesslafekonomie an High Performance Computing Infrastrukturen.

Hei krut d'Politik definitiv d'Heft aus der Hand geholl.

A wann ech da denken, viru wéi engem Public dat alles presentéiert gouf a wou, dann war dat eng selekt Handvoll, déi sech hu missten deplacéieren a vill ze grouss Auditoiren; d'Diskussiounen an de Kulturzentren an désaffectéierte Kierchen iwwer Land goufen et keng.

Ech si gespaant, wéi d'Politik dëse Retard nach wëll ophuelen a selwer zu engem Prosumer ginn; gespaant och op Kontributioune vun Nohaltegkeetsrot, Mouvement an aneren Associatiounen, déi sech zum Thema MUSSE mellen. Well dann hätte mer nach Chance d'Diskussiounen unzekierpen, déi d'Politik leider verpasst huet. Schued - mee mat 2 Wahltermäiner virun den Aen, kann een emol blann gi fir DAT wat d'Leit wierklech géif interesséieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.