Commentaire vum Claude ZeimetzShopps de nach oder shares de schonn?

Jidderee vun eis wërft all Joer an der Moyenne 120 Kilo Iessen ewech. Ënnert anerem mat enger Campagne dës Woch sollen d’Leit neess de respektvollen Ëmgang mat Liewensmëttel léieren. Manner verbëtzen ass och eent vun de Schlagwierder an der Rifkin-Etude. Ma ass de Client prett fir déi nei Konsumkultur? Shopps de nach oder shares de schonn? freet d’Claude Zeimetz haut a sengem Commentaire

Grad an dësen Zäite gi mer als Consommateur mat  ënnerschiddleche jo carrément géigesäitege Message konfrontéiert. D’Zäit viru Chrëschtdag lieft vum Shoppingstress an dem Iwwerfloss. Si mer éierlech. Mir verdamen zwar d’Amerikaner well se den Trump als President gewielt hunn. Déi amerikanesch Konsumgewunnechten awer hunn déi meescht vun eis, besonnesch déijéineg déi an den 1980er, 1990er an der Turbo-Kapitalismus-Jore grouss gi sinn, zanter Jore scho verënnerlecht. Vill vun eis si méi Black Friday wéi Sharing economy. Tauschboursen a Repair-Caféeën bleiwe fir den Ament dacks just eng Niche fir Müsli-Apostelen an Hipster.

Commentaire: Claude Zeimetz (1. Dezember)


Grad zu Lëtzebuerg dierft de Wiessel vun der traditionneller Konsumgesellschaft an e méi en nohaltegt Zesummeliewen, wou mer méi ënnerteneen tauschen a manner selwer besëtze schwéier ginn. Eise ganze Wirtschaftsmodell baséiert einstweilen um Konsum. A wat definéiert de materielle Status par Rapport zum Noper da méi wéi e fonkelneien Auto oder déi lescht Versioun vum Smartphone?!?! Och wann et eng ganz Partie Leit gëtt, dat dierf een natierlech och net vergiessen, déi sech dat alles net leeschte kënnen.  

Fréier ass de Leit, eleng finanziell gesinn, näischt aneres iwwreg bliwwe wéi ze probéieren hire Produit ze flécken. Haut ass d’Reparatur dacks méi deier wéi den Akafspräis. Dorunner sinn awer och d’Konsumente selwer Schold. Wie baut schonn als Firma en Handy dee 50 Joer hält, wann den Otto-Normal-Verbraucher all 2 Joer en neie keeft? Datt d’Konzerner hir Apparater carrément esou concipéieren, datt se no enger gewëssener Zäit futti fueren ass nëmmen eng Perversioun vun der aktueller Konsumgesellschaft.  

Wéi komme mer lo do raus?

Et geet sécher net duer, en amerikanesche Wirschaftsprofesser fir deiert Geld mat enger Etude ze chargéieren an op de gudde Wëlle vun de Bierger ze hoffen. Fir datt sech eist Konsumverhalen effektiv an dauerhaft ännert, muss och dat politescht Ëmfeld stëmmen. D’Schweden, déi bei innovative Projeten dacks jo d’Nues vir hunn, probéieren hir Bierger elo vum anere Joer u via Steierreduktiounen dozou ze bréngen aus der „Verbëtz-Gesellschaft“ auszebriechen. Vëloen, Toasteren oder Wäschmaschinne sollen nees gefléckt an net méi direkt nei kaf ginn. Duerfir offréiert déi schwedesch Regierung d’TVA op Reparaturen ëm d’Halschent ze reduzéieren, vu 25 op 12%. Wien a Schweden en Handwierker komme léisst fir de Frigo oder sou ze flécken, soll entspriechend manner fir d’Aarbechtsstonn bezuele mussen. E Konzept fir d’Ëmwelt an den Aarbechtsmaart, sou hofft een, an engems och. 

Wéi wäit déi Rechnung opgeet, muss sech weisen. Et ass awer sécher en interessante Modell, op deem seng Erfarungswäerter een och hei am Land opbaue kéint.

En attendant fuere mer séier awer an ee vun eise Konsumtempelen eis Tuten an de Caddy voll paken. Stellt Iech mol fir d‘"Anti-Gaspi-Woch" wier an engem Mount während de Feierdeeg. Wou kéime mer do hin?

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.