Firwat kann een net all Artikel op RTL.lu kommentéieren?

Dat ass effektiv eng Fro, déi mer dacks gestallt kréien. Hei de Versuch vun enger „allgemenger“ Äntwert, och wann et natierlech virkomme kann, datt d'Ausnam d'Regel bestätegt …

Bei enger Partie Artikele maache mer d'Commentairen am Prinzip ni op:

- Geriichtsartikelen, et sief, et géing sech ëm esou grouss Prozesser wéi de Luxair-Crash oder d'Bommeleeër-Affaire handelen. Bei deenen anere wëlle mer aus Rücksicht op déi Concernéiert keng Commentairë fräiginn; aus Erfarung wësse mer, datt de Risiko hei héich ass, datt reng emotional „argumentéiert“ oder am Affekt geschriwwe gëtt.

- Artikelen iwwer Fait-diversen, zum Beispill Accidenter oder Vermësstemeldungen etc; do maache Commentairë seele Sënn.

- Reng Service-Artikelen, datt zum Beispill iergendwou d'Waasser verknascht ass oder iergendwou eng Strooss gespaart ass. Hei gesi mer och net direkt e Besoin.

Bei internationalen News maache mer d'Commentairen éischter seelen op, well mer a) de Schwéierpunkt vum Forum schonn op Lëtzebuerg leeë wëllen a well b) eis international News an éischter Linn Faite rapportéieren, wéi déi komplex Zesummenhäng analyséieren, déi eng besser Ausgangsbasis duerstelle géife fir ze kommentéieren (Noostkonflikt, Iran, Korea ...).

D'office sinn d'Comment-Méiglechkeeten dogéint op bei de Radio-Commentairen um Site, bei de Carte-Blanchen, bei den Aproposen a bei de Lieserbréiwer.

Bei deene meeschten aneren News schwätzt am Prinzip näischt dergéint, datt ee se kommentéiere kann – datt trotzdem och hei net all Artikel ze kommentéieren ass, kann un dëse Grënn leien:

- Wa schonn en Artikel oder e Commentaire oder e Lieserbréif, deen ee kommentéiere kann, online ass, decidéiere mer le cas échéant, net nach d'Commentairen op enger zweeter Plaz opzemaachen an esou ee Parallel-Debat ze generéieren. An der Regel verlinke mer dann am Artikel, wou een net kommentéiere kann, op deen, wou ee Comments kann ofginn.

- Wa mer ewell X Artikelen zu engem Thema haten, zum Beispill Fëmmgesetz, da kann et sinn, datt mer, fir Redundanzen z'evitéieren, net och beim nächsten Artikel erëm d'Comments opmaachen, fir coûte que coûte e weideren Debat ze provozéieren.

- Et kann och virkommen, datt mer se net zouloossen, wann et sech ëm den Xten Artikel an enger Suite handelt, dat da fir z'evitéieren, datt mer eng „Campagne“ virgehäit kréien.

- Et gi Sujeten, do zécke mer, d'Commentairen opzemaachen; klassescht Beispill: Flüchtlingsheemer. Do hu mer leider scho schlecht Erfarunge gemaach, och wann dee Fall, op dee mer hei uspillen, sech um Facebook ofgespillt huet. Esou e Sujet kann och d'Lëtzebuerger Sprooch sinn oder d'Geschäftswelt an der Groussregioun, wou een dann heiansdo den Androck kritt, hei wieren „Pressure groups“ um Wierk oder Leit, déi aus negative perséinlechen Erfarungen allgemengülteg Behaaptungen opstellen ouni iergendeng Nuance. An esou Fäll iwwerleeë mer zweemol – net well mer Angscht viru Comments hätten, ma well mer awer net allem a jidderengem eng Plattform offréiere mussen. (Mir sinn och der Meenung, datt dat näischt mat Zensur ze dinn huet, ma éischter mat Schutz a Selbstschutz ...)

- Heiansdo vergiesse mer och einfach, esou banal wéi et kléngt, d'Commentairen opzemaachen.

- An heiansdo maache mer se net op, well mer riskéiere géifen, d'Commentairen net zäitno gelies a validéiert ze kréien, well zum Beispill grad eng grouss Aktualitéit ass oder well mer schonn iwwerlaf gi mat Comments oder well mer kuerzfristeg e Congé de maladie hunn oder well e Service réduit funktionéiert … Mir wëlle wierklech vermeiden, datt et ze laang dauert, bis eppes online goe kann. Well soss komme vill Nofroen an déi bréngen dann erëm zousätzlech Aarbecht mat sech.

Et kann iwwregens och virkommen, datt mer en Debat stoppe mussen, also eis gezwonge gesinn, d'Comment-Funktioun ze blockéieren, well et zu „Streidereien“ tëscht eenzelne Kommentatore komm ass, déi d'Comment-Funktioun da mëssbrauchen, fir perséinlech Differenzen auszedroen, an dobäi dacks den eigentleche Sujet vum Artikel aus den Ae verléieren. (Hei eis Guidelines.)

D'Interaktivitéit mat eise User läit eis wierklech um Häerz an ass fir eis eng grouss Erausfuerderung am „daily business“. Ëm esou méi hoffe mer, datt dës Erklärungen d'Saach mat de Comments eng Grëtz méi kloer gemaach hunn. Natierlech kann een ëmmer nofroen, z.B. via Feedback, datt mer se nach iergendwou opmaachen. Och hei probéiere mer dann, séier ze reagéieren. An et bleift och ëmmer d'Méiglechkeet, eis e Lieserbréif ze schécken.

Wat mer op alle Fall net wëllen – a géint deen Androck wiere mer eis och (mat gudden Argumenter, wann ee kuckt, wat mer bis elo alles kommentéiere gelooss hunn) –, datt mer reprochéiert kréien, duerch den Asaz vun der Commentaire-Funktioun eng (politesch) Preferenz auszedrécken. Dat ass net de Fall, mir wëllen neutral sinn, kënnen awer bei de Commentairen net einfach alles nom Prinzip vum Laissez-faire lafe loossen, well et soss fir eis ingerabel gëtt. An egal wéi kënne mir eis net virun eiser Verantwortung drécken. An eng „Anarchie“ wier finalement a kengem sengem Interêt, weder deem vum Forum, nach deem vum Utilisateur.

Merci fir Äert Versteesdemech.

Eng lescht Saach: Am beschte sinn déi Bäiträg, déi ouni Aggressivitéit geschriwwen a virum Ofschécken nach eemol iwwerlies ginn. Dat ass u sech eng Viraussetzung, fir e konstruktiven Debat oder Meenungsaustausch.

A mir sinn Iech dankbar, wann Dir Iech un d'Spillregelen haalt.