Lieserbréif vum Samuel BaumHëllef steet net zur Debatt

 

Iwer Hellef leist sech net diskuteieren!

Déi ganz Flüchtlingsthematik kann ech Säit der Informatiounsversammlung iwwer déi fréier Ediff nëmmen nach schwéier nolauschteren. Sieft dëst op politeschem , gesellschaftlechem, oder professionellem Niveau.

Et muss dach mëttlerweil jidderengem Bierger hei am Land, ewéi och an aneren Länner kloer ginn, dass deenen Leit MUSS gehollef ginn. Ech kréien "Héngerhaut" wann ech dann op enger Informatiounsversammlung Matmënschen (lëtzebuergescher Nationalitéit) jäizen héieren "Eraus mat deenen Flüchtlingen" oder "Déi gehéieren net heihin". Natierlech war een groussen Klärungsbedarf do, esou wei och eng grouss Roserei iwwert déi feelend Informatiounen déi vun politescher Säit eng Zäitchen gefeelt hunn. An egal ewéi rosen, oninforméiert, opgeputscht oder ängschtlech sech esou munsch Leit gefillt hunn solle ma nach ëmmer een deen aneren als Matmënschen respektéieren. Jo där hutt richteg gelies MATMËNSCHEN. Flüchtlingen sinn Matmënschen sou weis DU, ECH an och den Noper deen niewendru wunnt. Och wann ech déi Leit perséinlech als Matmënschen gesinn, ass mer bewosst, dass déi eng aner Kultur, eng aner Sprooch, aner Gewunnechten an virun allem eng aner VERGAANGENHEET hunn wei ech an du.

Et wäert dach net wierklech iergendeen mengen, dass déi Leit fräiwëlleg bei eis kommen vir eis wëllen rosen ze maachen...
Et wäert dach net wierklech een mengen, dass 100 Männer wëllen beieneen wunnen...
Et wäert dach net wierklech een Politiker mengen, dass sech dei Leit ouni wenn und aber hei wëllen integréieren, eis Sprooch leieren an sech eiser Kultur upassen...
Et wäert dach net wierklech eng Organisatioun mengen déi Leit wëllen sech an Sport Veräiner aschreiwen oder iergendwellech sozialen Aktivitéiten nogoen...
An et wäert hoffentlech och keen mengen, dass een Politiker oder eng Organisatioun serieux geholl gëtt wann momentan 100 Leit vun 6 Professioneller betreit ginn.

Natierlech les exceptions confirment les règles!

Ech mengen déi Leit hunn ganz aner Problemer ewéi eis Sprooch ze leieren, eis rosen ze maachen Sport ze maachen oder soss iergendwellech Saachen:

Déi Mënschen déi virun engem guddem Mount hei ukomm sinn, waren wahrscheinlech onendlech laang ënnerwee ënner onmënschlechen Bedingungen. Déi Mënschen hunn wahrscheinlech hier Fra mat de Kanner an de Recht vun hirer Famill zeréckgelooss fir vun den Bommen an dem Krich fortzelafen. Déi wëssen flait mol net op hier Famill nach lieft. Déi hunn hiert Haus flait zeréckgelooss wou se flait 40 Joer dran gewunnt hunn. Hier Aarbecht opginn wou se flait Chef vun iergendenger Institutioun waren... Fir elo nëmmen e puer Beispiller ze nennen wien déi Leit kennen GEWIESCHT sinn. Och ënnert deenen Leit sinn der drënner déi Schoulen gemaach hunn, esou wéi Leit déi keng gemaach hunn. Net anescht wei an eiser Gesellschaft!

Ech denken, dass déi Leit genau dat nämmlecht wëllen wei déi meeschten Leit wou op deier Versammlung esou opgereegt waren. Déi Leit wëllen einfach an rou gelooss ginn! Déi wëllen een Daach iwwert dem Kapp hunn wou se net fäerten mussen, dass deen all Moment zesummen fält.

Wann een esou villen Mënschen beieneen hëllefen well an MUSS, dann kennt een net dolaanscht verschidden Kompromësser als Gesellschaft anzegoen. An sou Situatiounen stoussen souwuel Politiker ewéi och Gesellschaft an och déi Professionell un verschidden Grenzen.

Ech wunnen 50 Meter vun der Ediff ewech. Ausser déi méi oft Police an Ambulanzeninterventiounen hunn ech nach net ganz vill Aussergewéinleches matkritt. An JO ech huelen déi Interventiounen ganz gären an kaf, wann ech drun denken, dass deenen 95% vun den Flüchtlingen gehollef gëtt déi sech net donieft behuelen. An JO ech huelen och déi 100-150 Jonggesellen an kaf fir, dass deenen Leit temporäre gehollef gëtt!

Iwwert politesch an professionell Mesuren léist sech diskutéieren, mee net iwwer Leit déi eis Hëllef brauchen!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.