Lieserbréif vum Roby Zenner… also brauche mer Iwwerwaachungskameraen !

Dat, wat elo kuerz am Centre Hospitalier mam Déifstal vun deene villen an deieren Endoskopie-Apparate geschitt ass – de Wäert gëtt op ronn 800 000 Euro geschat -, beweist also op en neits, wat mer scho jarelaang soen a schreiwen : Mir brauchen an enger Zäit wéi haut vill méi Iwwerwaachungskameraen am Land.

Op Ufro hin, wéi esou en Déifstal iwwerhaapt méiglech war, hunn di Responsabel vum CHL erkläert, et wier dem Spidol net erlaabt ginn, dee Raum, wou di Apparate louchen, duerch Kameraen iwwerwaachen ze loossen, mat deem Argument, datt een dann di Krank erkenne géif, déi op där Plaz laanscht ginn, an dat géif ënnert den Dateschutz falen.

Quatsch ! Et wäre jo just zwee oder dräi Leit, déi sech di Opzeechnungen herno däerften ukucken – Infirmieren an/oder Polizisten -, an déi sti jo souwisou ënnert dem Beruffsgeheimnis.

Firwat solle mir da méi helleg së wéi de Poopst ? Éierlech Leit brauche souwisou net ze fäerten, wann se ronderëm d’ Auer iwwerwaacht ginn, well si hunn sech näischt virzegeheien. Mee di louche Type kinnten duerch d’ Kameraen zimlech liicht identifizéiert ginn.

Mir huelen also léiwer Déifstäl a Milliounenhéicht mat a Kaf, amplaz am Sënn vun der Sécherheet esou Plazen ze iwwerwaachen. Am Ausland sënn se op alle Fall guer net esou pingeleg. Mat deenen Erfolleger, déi mer all kennen.

Et kann een eben alles iwwerdreiwen – och den Dateschutz.

Roby ZENNER

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.