Lieserbréif vum OGBLEt geet duer mat deenen onsënnegen Attacken op eist Pensioun

Et geet elo duer, ëmmer erëm

-          déi aktuell Pensionäre géint déi zukünfteg Pensionärsgeneratioun auszespillen.

-          ze soen, datt déi aktuell Pensionären d‘Pensiounskeess géifen ausrauben.

Och d’Pensionäre vun haut hu méi ewéi 40 Joer zum Räichtum vun der Pensiounskeess bäigedroen.

Mär erënneren drun, datt d’Pensiounsreform vun 2013 virun allem och d’Pensionäre vun haut getraff huet andeems:

-          den Index an den Ajustement manipuléiert gi sinn.

-          eng Tranche vum Ajustement vun 1,5% vun 2013 geklaut ginn ass.

 D’Pensiounsreform, déi vun der leschter Regierung agefouert gouf, gesäit weider Verschlechterunge beim Ajustement an d’Ofschafe vun der Joresprime („allocation de fin d’année“) vir.

Wat sollen déi onsënneg Attacke vu Bréissel, vun denen internationalen Organisatiounen a verschiddene Parteie géint den aktuelle Rentesystem, dee säit iwwer 100 Joer op de Solidaritéitsprinzip baséiert ass, an dee gutt fonctionnéiert, fir datt d’Leit am Alter eng uerdentlech Liewensqualitéit hunn an hir Kafkraaft garantéiert ass?

Och Rentner, déi ee ganzt Liewe cotiséiert hunn, hunn d’Recht op en adequat Liewen am Alter!

An d’Rentner brauchen am Alter staark Pensiounen, haaptsächlech wa si krank a fleegebedierfteg ginn, well d‘Präisser vun den Alters- a Fleegeheemer onerdréiglech héich sinn.

D’Aussoen, datt d’Renten laangfristeg net ze finanzéire sinn an déi Diskussioun iwwert eng Rentemauer si baséiert op Projektiounen, déi sech bis haut alleguerten als falsch erwisen hunn.

Déi aktuell Finanzreserve vun der Pensiounskeess leien iwwert 17,8 Milliarden Euro, an dat entsprécht 4,53 Mol d’Joresausgabe vun der Pensiounskeess, Tendenz steigend, an den „Taux de répartition“ läit bei 21,9 % also mécht d’Pensiounskeess ouni de „Fonds de compensation“ (FDC) ee Benefice vun 2,1% pro Joer.

Also kee Grond zur Panik a keen direkten Handlungsbedarf, wéi verschidden Perséinlechkeeten et prekoniséieren! Natierlech soll een d’Finanzêntwécklung vun de Pensiounen am Aa behalen.

Et gëtt een dat Gefill net lass, datt déi Angschtmaacherei just zu politeschen Zwecker genotzt gëtt, fir eisen ëffentleche Pensiounssystem ofzeschwächen.

PDF: De Lieserbréif vum OBGL

Carlos Pereira an Henri Kremer

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.