Lieserbréif vum Christiane Kutten-SerafiniEng Saach vun Relativitéit

Dëser Deeg gëtt an Frankräich e Riesentamtam gemat well den brasilianeschen Footballspiller Neymar vun Barcelona op den PSG gewieselt huet, an dat zum „Schnäppchenpräis“ vun 222 Milliounen Euro.

D’Haaptnorichten vun TF1 (4. August 2017 mëttes) hunn iwert 10 Minuten dësem Thema gewidmet, an gewisen wéi begeeschtert an hysteresch d’Fans vum PSG dës Neiegkeet opgeholl hunn. Keen Euro ass do zevill fir Ticketen fir den éischten Match vum Neymar zu Paräis ze gesinn oder fir den éischten Trickot vun hierem neien Superstar ze kaafen.

Sou wäit esou gutt (?!?). Ma sinn déi Zommen déi fir esou Spiller bezuelt ginn net regelrecht  ekelerregend am Verglach zu deem wat en „Normalstierwlechen“ an Frankräich oder soss an der Welt verdengt?

An Zäiten wou „Restos du coeur“ hier Hëllefsaktiounen ewell säit Joren net nëmmen am Wanter, ma iwert ganz Joër eraus mussen duerchzéien well Leit ouni hier Hëllef net méi iwerliewen kënnen …

An Zäiten wou d’Kierzung an Frankräich vun 5,- Euro Wunnhëllef fir Dausenden vun Leit eng existenziell Kris erfierrifft …

An Zäiten wou iwerall an Europa um Bockel vun deenen déi am mannsten hunn am meeschten gespuert gëtt …

Deen Rummel ëm esou Transaktiounen ass ganz einfach „indécent“!

(P.S.: TF1 brengt awer och no hieren Norichten en 2-Minuten-Klipp zu Gonschten vun den „Restos du coeur“, et kann een also net behaapten et wier net alles eng Saach vun Relativitéit.)

Christiane Kutten-Serafini


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.