Lieserbréif vum SaulD'Sécherheet ronderëm de Bancomat

Kuckt ee wéi geféierlech et ass, virun allem a leschter Zäit, fir Suen um Bancomat opzehiewen ouni vun iergend engem ronderëm bespëtzelt ze ginn oder Schlëmmeres, da muss een sech ënner anerem d'Fro stelle firwat net schonns laang ronderëm all Bancomat ee Sécherheetsperimeter, also eng Distanzlinn gezunn ass déi vu Mëtt Bancomat jeeweils ee Meter no alle Säiten geet, ee Rechteck, giel schrafféiert fir datt och Jiddereen et versteet.

Esou huet de Client op d'mannst eng kleng Méiglechkeet fir deen hannendrun deen sech ze no un engem reift op d'Plaz ze verweisen. Et ass een an der Lescht jo bal forcéiert zu zwee ze sinn fir um Bancomat Suen opzehiewen, souzesoe Réck géint Réck fir och alles hannendrun am A ze behalen, dee Jéinegen, deen den Apparat bedéngt muss oppassen dass dësen och net manipuléiert ass iwwerdeems den Zweeten hannendrun oppasst datt och vun do keng Gefor besteet.

Ech ka mer net virstellen datt et soll onméiglech sinn fir weider Sécherheetsmesüre ronderëm d'Bancomaten z'installéieren a sief et och nëmme visuell um Buedem agezeechent wéi uewe proposéiert. An deem Sënn verbleiwen ech, an der Hoffnung op eng positiv Reaktioun vun de Bankeverantwortlechen, an am Intresse vun hiren éierleche Clienten.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.