Lieserbréif vum Max HamiliusDéi Saach mam Elektroauto

Dass d’Thema vun der Elektromobilitéit emmer méi aktuell gett ass kloer. Dass daat d’Zukunft ass kenne sech leider déi Wéinegst virstellen.

Déi rezent Decisioun vun der Police zu Lëtzebuerg sech zwee Elektroautoen zouzeleeën ass respektabel. Leider gett daat vu villen Letzebuerger net emmer esou gesin. Mä firwaat eigentlech?
“Elektroautoen sin ze deier fir daat waat se sin!”

Kaum hëllt een daat Wuert “Elektroauto” an de Mond, da konteren vill Leit direkt mat deenen utopeschen Präislëschten vun den Elektroautohiersteller.

Dass Elektroautoen méi deier wéi klassesch Autoen mat Verbrennungsmotor sin ass do drop zeréckzeféieren dass d’Elektroautomobilindustrie nach emmer am Ufank vun der Entwécklung ass, haaptsächlech an der Batterietechnik.
Wann een dann Zuelen nennt, dierf een net Äppel mat Biren vergläichen. Oft gin Autoen queesch duerch d’Klassen mat deenen wéinegen Elektroautoen verglach déi de Moment um Mart sin. Dass eng Limousine aus der Luxusklass méi deier ass ewéi en Auto aus der Kompaktklass ass jo wuel selbstverständlech. E Beispill: En Tesla Model S kritt een de Moment tëschen 77˙900€ an 149˙450€* zu Lëtzebuerg ze kaafen, e vergläichbaren Audi A8 läit do tëschen 77˙935€ an 135˙325€*. Also mol guer net esou wäit vuneneen.

“Et kann awer net jidfereen sech en Tesla leeschten!”
De Moment ass d’Offer un Elektroautoen zimlech iwwersiichtlech wann een queesch iwwert d’Hiersteller kuckt. Och bei deenen vun de Lëtzebuerger sou appréciéierten Autosmarquen aus Däitschland gëtt de Moment net vill ugebueden. Hei an do fënnt sech mol een op Elektresch emgebauten Serienauto oder eng Bensinsschleider mat “Hybrid”-Logo, mä awer näischt weltbewegendes. Trotzdem gëtt et eng Offer vun kompakten Elektroautoen déi och fir den letzebuerger Normalverbraucher erschwénglech sin (cf. Renault, Nissan, ...).

Allerdings wann keen en Elektrauto keeft, da gëtt daat och schwiereg fir esou Autoen duerchzesetzen.
“Elektroautoen hu keng Reechwäit!”

Dass een fréier oder spéider mat engem Elektroauto leie bleiwt ass jo wuel kloer, oder? Déi sougenannten “Reechwäitenangscht” ass en oftgenannten Thema wann et em Elektroautoen geet. Et huet sech awer elo schon an der Praxis erausgestallt dass et déi Angscht guer net gëtt. Mat alleguer deenen Assistenzsystemer déi mat den Elektroautoen geliwwert gin ass eng “Stroumpann” baal net méiglech. Och bei engem Verbrenner-Auto geet laang virun der Bensinspann en giel Luut am Tableau de bord un.

An iwwerhaapt, brauch een dann en Elektroauto zu Lëtzebuerg deen iwwer 300km fueren kann? Eemol queesch duerch d’Land sin ongeféier 90km. Esou vill fueren déi mannsten Lëtzebuerger am Alldag. Doniewt dierf een net vergiessen dass Elektroautoen och doheem kenne gelueden gin, an net wéi déi klassesch Autoen mat Verbrennungsmotor, ee Mol an der Woch op d’Tankstell mussen. Natierlech huet och net jidfereen eng Garage mat Steckdous, mä en Ufank ass et allemol an all Dag gin nei Luedstatiounen am Land opgeriicht.

D’Gesetzer fir d’Erofsetzen vun den Schuedstoffemissiounen gin emmer méi verschärft, et dierf een d’Aan net zoumaan. Et muss een sech souwäit et engem erméiglecht ass dofir asetzen, et ass numol
eis Zukunft. Och bei der Hierstellung vun der elektrescher Energie faalen de Moment nach Schuedstoffer un, allerdings gëtt dodrun intensiv geschafft fir déi erofzesetzen. Vläicht souguer méi intensiv a seriö wéi de Moment an der Automobilindustrie ...

* Präislëschten vun de Basisvarianten: www.audi.lu www.tesla.com


Max Hamilius



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.