Lieserbréif vum Jean LichtfousKoplescht - eng Gemengereferendumsfro werft vill Froen op !

Op déi heite Fro: „Wëllt dir, dass d’Gemeng Koplescht dem Wahlbezierk Zentrum ugeschloss gëtt ?“ soll den 8. Oktober parallel zu der Gemengewahl geäntwert ginn.

Éier een sech dofir oder dogéint entscheet, misst ee wësse wat um Spill steet. Leider as d’Informatiounsblat dat ausgedeelt gouf net informativ.

Am Fall vum Uschloss un de Bezierk Zentrum, ännert dann ausschliisslech datt een d’Lëschte vum Bezierk Zentrum wielt aplaz déi vum Süden, oder ... ?

Ännert d’Zoustännegkeet vum Steierbüro, vun der ADEM, vun der Justiz, vum Kadaster, vun der Auto Kontrollstatioun ? Muss d’Gemeng de SICA verloossen a wat ännert sech dono konkret un de Präisser? Wuer musse mir dann an de Recycling Center fueren, wa mir net méi däerfen op Kielen ? Fält d’Gemeng dann an een anere Plan directeur sectoriel ? Wann ët eng carte scolaire contraignante sollt ginn, däerfen eis Kanner da net méi an de Mamer Lycée, well deen am Kanton Kapellen läit ? A wat ännert nach alles ?

Oder gëtt nëmmen op eng Ännerung vun den Terrainspräisser spekuléiert ?

D’Informatiounsblat as op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch. Seet awer näischt dozou aus, wellech Awunner mussen oder däerfen um Referendum deel huelen. Jiddereen deen dat Informatiounsblat an d’Bréifkëscht geluecht krut, onofhängeg vu senger Nationalitéit ?

Wär ët net sënnvoll gewiescht eng Informatiounsversammlung zu Koplescht an um Briddel of zë halen, wou d’Ännerungen an de pro a contra duergeluecht gi wären ?

Informatioun a Biergerbedeelegung gesäit anescht aus, oder ?


Jean Lichtfous

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.