Lieserbréif vum Roby ZennerAnalytescher fir an de Pabeierkuerf

Et ass absolut luewenswäert, wat fir eng Méi de Staat an di meescht Gemengen am Land sech maachen, fir hier Bierger iwwer dat opzeklären, wat an deene Staats- a Gemengegremie geschwat, diskutéiert an ofgestëmmt gëtt.

Dat geschitt meeschtens iwwert de Wee vun deem sougenannten Analyteschen, an deem de Bierger haut – entgéint deem, wat et fréier mat just engem Resumé war – Wuert fir Wuert noliese kann, wat wou wéini vu wiem gesot ginn ass.

D’ Chamber huet esouguer en extraen Televisiounssender ageriicht, deen d’ Sitzungen esouguer live iwwerdréit.

Deen Analyteschen huet awer wuel nëmmen dann e Wäert, wann en a raisonnabelen Délaien an d’ Haiser verdeelt gëtt. Et versteet een, datt dat net scho kann deen aneren Dag no enger Sitzung sënn, mee méintelaang duerno ass e just nach kale Kaffi, e Vull fir d’ Kaz a just gutt, fir vun der Bréifkëscht an d’ Dreckskëscht gedroen ze ginn.

Mat dat krasst Beispill ass dee leschten Analytesche vun der Gemeng Déifferdeng, deen dës Deeg, genee de 14. September, an d’ Boîte komm ass. Dat déckt Bichelchen am DIN A4-Format bréngt de Bericht vun de Sitzunge vum 1. Februar a vum 15. Mäerz !

A wat fänkt een da mat esou eppes un, wat siwe Méint an en halwen zeréck läit ? Déi Sue sënn op alle Fall an den Dreck gehäit. An dobäi ass di hei Koalitioun net midd ginn, an si gëtt et och elo nach net, op Schratt an Tratt eraus ze posaunen, elo géif alles besser ginn, méi « biergerno », méi séier, manner Gedeessems, manner Zäitopwand an aner schéi Wierder, fir de Leit Sand an d’ A ze streeën.

Da verzichte mer léiwer op esou e Geschreifs, dat 10 000 Mol gedréckt gëtt a just gutt ass fir an de Pabeierkuerf a maache mat deene Suen eppes fir aarm Leit ; well där gëtt et méi wéi genuch an der Gemeng Déifferdeng.

Roby ZENNER

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.