Lieserbréif vum Roby ZennerDe Verkéier am Kazebësch zu Uewerkuer

Zënter datt di nei Cité « Am Kazebësch » an « Am Biergwee » ganz uewen zu Uewerkuer fäerdeg a bewunnt ass, hëlt d’ Zuel vun de Gefierer bestänneg zou, an domat och d’ Geforen am Verkéier.

Am Kazebësch parken all Dag eng ganz Partie Autoe beim Trëttoir, sou datt keng zwéin Autoe méi laanschtenee kommen. Wann awer elo ee méi schëtzegen oder presséierten Automobilist erop- oder eroffiert, huet deen Auto, deen em entgéint kënnt, keng Auswäichméiglechkeet méi ; et bleift em just nach mat zwéi Féiss op d’ Brems ze goen, soss bleiwen d’ Téitschen net aus.

Méi nach : Daagsiwwer parken alt Autoen esou wéit erof, datt een dat gemooltent Verkéierszeechen op der Strooss, dat d’ Virfahrt regelt, net méi gesäit, wat d’ Geforen nach weider erhéicht.

A well et vu Säite vun der Dräierkoalitioun ëmmer erëm heescht, d’ Bierger sollte mat denken, Virschléi ënnerbreeden, Kritiken zum Ausdrock bréngen, ass dat och geschitt. Op de Problem ass vu Bierger higewise ginn, Léisungsvirschléi sinn ënnerbreet ginn, mee duerno war alles roueg wéi an enger Morgue.

Ass dann d’ Sécherheet vun den Automobilisten aus deem Quartier dem Schäfferot näischt wäert ? Soll éiere gewaart ginn, bis et gerabbelt huet ? Oder betruechten du dräi Parteien esou reell Problemer als Peanuts ?

Si halen et wuel mam Wuert vum fréiere Staatsminister Gaston Thorn : » L’opposition propose, la majorité dispose. » Wat fräi iwwersat op Lëtzebuergesch heescht : Dir kënnt braddelen, esou vill wéi der wëllt, mir maachen dach, wéi mer wëllen.

Majo dann !

                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                Roby ZENNER



 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.