Lieserbréif vum Max LenersStaatsrot a Gemengeconseiller, eng absolut Incompatibilitéit

Dat déi meescht Parteien an deenen leschten Deeg betount hunn, datt et keng Incompatibilitéit tëscht nationalem a lokalem Mandat gëtt, kann an mengen Aen nach novollzéibar sinn.

Eng grave Incompatibilitéit besteet fir mech notamment bei engem anerem Duebelmandat, iwwer dat an der Ëffentlechkeet leider guer net geschwat gëtt. Dëst ass d’Duebelmandat vum Staatsrotsconseiller an dem Gemengeconseiller.

Den Staatsrot huet als Missioun fir Avisen zu den Gesetzesprojeten ofzeginn an gegebenenfalls Amendementer ze proposéieren. Deswéideren, ass et och den Staatsrot, deen een Gesetz vun engem zweeten Vote an der Chamber befreien kann, wann hien mat dësem Gesetz d’Accord ass. Grosso modo kann een also soen, dat den Staatsrot eng richterähnlech Fonctioun huet, well hien d’Gesetzer iwwerpréift, an en d’Regierung kann op Verfassungsverletzungen oder aner juristesch Problemer hiweisen, an se duerch een Refus vun der Liberatioun vum zweeten Vote, ënner Drock setzen.

Fir dat d’Conseilleren am Staatsrot, hirer extrem wichteger Aarbecht, mat der gréisster Indépendance nokommen kennen, gesäit d’Gesetz vum 17 Juni 2017 iwwer d’Organisatioun vum Staatsrot, am Artikel 5 (2) fir, dat des Fonctioun ënner anerem mat der vum Deputéierten, Eu-Deputéierten an Member vun der Regierung inkompatibel ass. Dëst ass notamment esou fir dat d’Conseilleren am Staatsrot, déi gréissten méiglech Impartialitéit hun.

Wann awer elo een Staatsrotsconseiller och an den Gemengeconseil trounen geet, muss d’Fro vun deem senger Impartialitéit gestalt ginn.

Duerch déi sou genannten Tutelle administrative, déi am Artikel 107 vun eiser Constitutioun virgesinn ass, an duerch d’Gemengegesetz vum 13 Dezember 1988 gereegelt ass, gëtt d’Gemeng vun der Regierung, a Persoun vum Innenminister, kontrolléiert.

Also soll den Staatsrot d’Gesetzespropositiounen vun der Regierung kontrolléieren, déi dann erëm d’Gemeng kontrolléiert. Wann een elo Staatsrotsconseiller an Gemengeconseiller ass, kontrolléiert een natierlech “impartialement” deen, ënner deem senger Tutelle administrative een duerch säin anert Mandat op Gemengenniveau steet.

Dat dann graad Juristen esou een Duebelmandat ustriewen, ass verwonnerlech, sollt deenen dach d'Bedeitung vun hirem Staatsrotsmandat an déi domat verbonnen Impartialitéit bewosst an d’Séparation des Pouvoirs een Begrëff sinn.

Och wann vum Gesetz hier esou een Duebelmandat net verbueden ass, gëtt d’Impartialitéit an d’Indépedance duerch esou een Duebelmandat méi wéi nëmmen a Fro gestalt, ech soen just "être juge et parties".

Et bleift ze hoffen, dat d’Regierung den Problem erkennt, an d’Gesetzer deementspriechend upasst fir esou eng kontrovers Situatioun an Zukunft ze evitéieren.


Max Leners


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.