Lieserbréif vum Jean-Jacques ToussaintLëtzebuerg ons Stad

Dëst Joer duerf d’Vollek nees matschwätzen an déi Politiker wielen déi an deenen nächsten 6 Joer d’Gemengepolitik gestalte sollen.

Wann ech der jëtzeger Majoritéit DP - Déi Gréng aus eiser Grouss-Stad mat iwwert 114.000 Awunner op 51,47 km2, nolauschteren, dann ass alles am Botter.

Wann ech an de Quartieren Dummeldéng, Weimerskirch, Beggen, Aale Kierchbierg, asw kucken, da soen ech et ass net alles am Botter!

Zanter déi Gréng mat an der Majoritéit sinn, ass nach ni esou vill Gréngs an de Quartieren vun eiser schéiner Gemeng verbaut ginn. Gëtt dach nët och dee leschten Quadratmeter an eise Quartieren bebaut.

Um Dummeldénger Bierg ass een Appartementshaus nom aneren entstan, an der Rue des Sources an an der Rue Schetzel, wunnen d’Leit op enkstem, deieren Raum bei e neen. Wëllt ee mam Auto an oder aus der Garage, wann een eng huet, muss een e puer Mol hin an hier furen well et esou schmuel ass. Mat de Parkplazen ass een och net op der gewonnener Säit. Op Besuch kann ee just zu Fouss, mam Vëlo oder Bus well et ass kaum oder guer keng Parkplaz de WE oder Owes ze kréien. Kuckt nët Een deem aneren an d’Kachdëppen « oder soll ech soen an d’Mikrowell » a wéi steet et mat der Plaz op der Terrasse?

Ass dat dat wat d’Majoritéit Liewensqualitéit nennt? Wat d’Liewensqualitéit betrëfft, esou ass d’Stad Lëtzebuerg vun der Plaz 19, 2015, 2017 op Plaz 21 Weltwäit gefall.

Laut enger Étude vum 23.02.2016 ass d’Stad Lëtzebuerg déi sécherst Stad vun der Welt.

Abee jo dann! An de Quartieren vun der Aler Gemeng Eech, briechen se an een Haus nom aneren an, d’Leit op Jonk oder Aal ginn am kloeren Dag an der Stad, an de Quartieren iwwerfall , niddergeschloen a blesséiert. Och Mord ass keng Seelenheet méi.

Ausser dass ech mech ieren, waren déi Rout Fiedem a mindestens deenen 4 leschten Wahlprogrammer also schonn Jorzéngten bei zimlech allen Parteien: Eng gutt Liewensqualitéit, méi Sécherheet, méi bezuelbare Wunnraum, Mobilitéit, méi Gréngs, asw asw. Wat ass bis elo geschitt ausser dass et ëmmer schlëmmer ginn ass an de Tram kënnt?

An dann eist deiert Drénkwaasser. Wéivill « propper » Quellen aus der Gemeng fléissen direkt an d’Kanalisatioun a ginn net als Drénkwaasser genotzt, anerer sinn anscheinend zevill verschmotzt? Wéi steet et an der Zukunft mat der Ofsécherung vum Drénkwaasser bei engem weideren Zou-Betonéieren an ëmmer méi Leit?

Et bleift nach villes ze dinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.