Lieserbréif vum Roby ZennerD’Gesetz iwwer d’Gemengewale muss geännert ginn!

Den 8. Oktober 2017 huet de Wieler also erëm geschwat, a knapps sinn di éischt Koalitiounsverhandlungen ofgeschloss oder nach am gaang, du huet sech den Inneminister Dan Kersch zu Wuert gemellt, fir virun allem di « Magouillen » a verschiddene Gemenge ganz schaarf ze kritiséieren an un de Pranger ze stellen, datt déi « Magouillen » de Bierger e « Biirendéngscht » erweisen an d’ Demokratieverständnis a Fro stellen, wat e ganz richteg gesäit.

Ofgesinn dervun, datt de Minister sech soll aus där vill geluefter Gemengenautonomie eraus halen, huet en dach den Nol op de Kapp getraff, well de Wieler sech ëmmer méi freet, firwat en iwwerhaapt nach wiele geet, an en huet absolut recht, d’ Gesetz iwwert d’ Gemengewalen ëmzeänneren an z’ ergänzen.

Mee et ass nun emol esou, datt deen Éischtgewielten esouguer mat enger Millioun Stëmmen net onbedéngt Buergermeeschter gëtt, wann e keng Majoritéit am Konzell hannerun sech huet. Et freet een sech elo, wéi de Minister en neit Gesetz wëllt bréngen, dat verhënnert, datt deen Éischtgewielte net Buergermeeschter gëtt : e brauch jo onbedéngt eng Majoritéit am Gemengerot.

Mee wat den Inneminister onbedéngt misst an dat neit Gesetz aschreiwen, dat sënn zwou Gewunnechten, déi sech a leschter Zäit ëmmer méi breet maachen : engersäits d’ Kandidature vu ganz noe Familljememberen an anerersäits di weider Kandidature vun deenen, déi e Mandat net ugeholl hunn. Eng gesetzlech Regelung misste mer och onbedéngt iwwert dee sougenannte Splitting kréien.

Wa Mann a Fra, Papp a Mamm, Papp a Jong, Mamm a Meedchen, Brudder a Brudder, Schwëster a Schwëster op enger oder op verschiddene Lëschte kandidéieren, dann ass dat de Wieler bedrunn an hannert d’ Liicht gefouert, well jo nëmmen ee vun deenen zwéi kann an de Gemengerot kommen. Esou zwou Kandidature missten also vu vireran ausgeschloss ginn.

An dann ass et am Laf vun der Zäit agerass, datt een e Splitting aféiert, wann een sech an zwou Parteien net eens gëtt : ech dräi Jar, du dräi Jar oder ech zwee Jar, du zwee Jar an hien zwee Jar. Wat kann dann e Buergermeeschter oder e Schäffen a just zwee oder dräi Jar bewierken : knapps ass et ugetrueden, da muss e scho bal de Büro raumen. De Splitting gehéiert onbedéngt verbueden!

Et stellt sech dem Inneminister eng weider Fro, déi am Gesetz misst geregelt ginn. Wann een aus iergendengem Grond op säi Mandat verzicht, dann dierft en duerno net méi kandidéieren! Et si Fäll no de Gemengen- an de Chamberwale bekannt, wou ee Gewielten eemol, zweemol an esouguer dräimol op säi Mandat verzicht huet. Dat kann et jo net sënn ! Een, deen eemol verzicht huet, dierft engem Gerechtegkeetsprinzip no net méi kandidéieren, well dat ass de Wieler just fir domm verkaaft oder zumindest ier gefouert.

Den Inneminister Dan Kersch wier also gutt beroden, wann en net nëmme wéilt di « Magouillen », wéi en et selwer nennt, ënnerbannen, mee och di aner wichteg Froen an engem neie Gesetz regelen.

                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                Roby ZENNER

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.