Lieserbréif vum Philippe Hoffmann56431... oder 20% vun 285000

D’CSV ass de grousse Gewënner vun de Gemengewahlen. Ma och d’Resultat vun de Piraten, respektiv deene verschiddene sougenannte Biergerlëschte sinn op hir Manéier eng Iwwerraschung. Notamment zu Péiteng hunn d’Piraten 2 Sëtz kritt, ma awer och 1 zu Réimech, während d’Sozialisten hannert den Erwaardungen zreckbloufen. D’Resultater vun de Gemengewahlen 2017 sinn also schonn zum Deel erstaunlech a loosse Raum vir esou munch Gedanken a Spekulatiounen.

Eng Zort vu Wieler, déi vläicht scho mi laang eng Affinitéit vir d’CSV hat oder awer traditionell ëmmer CSV gewielt huet, huet där Partei gehollef nach méi staark ze ginn. Dozou bäigedroen huet méiglecherweis och de Fait, datt d‘CSV trotz hirem méi wéi gudde Resultat – ëmmerhin war sie mat Ofstand éischt gewielte Partei – bei de leschte Chamberwahlen vun de jëtzege Koalitiounspartner dès le départ vun der Regierungsbildung écartéiert gouf. Ma och dat éiwegt Gestreits iwwer d’Kierchefabrécken a ville (ländleche) Gemengen huet net gehollef, d’Resultat vun de Parteien aus der Dräierkoalitioun signifikativ ze verbesseren.

Eng aner interessant Zort vu Wieler besteet aus engem méi vaste Spektrum dat sech vu lénks iwwer d‘Mëtt, a vläicht esouguer bis no riets beweegt. Virum Hannergrond datt déi traditionell Parteielandschaft allgemeng amgang ass sech ze veränneren, gëtt ët och zu Lëtzebuerg vir d’Bevëlkerung ëmmer manner dat klassescht Lénks-Riets-Bild. Dat onerwaart gutt Ofschneide vun de Piraten, mee och vun de sougenannte Biergerlëschten an enger Rei vu Gemengen ass dofir vläicht och e bëssen Ausdrock vun engem erwënschte frësche Wand an der Parteielandschaft.

Dës Lëschten a Parteien hunn ët wuel fäerdegbruecht mat jonke Nei-Politiker, oder awer engem Mix aus Politik-Neilingen an erfuerene Lokalpolitiker d’Leit an enger Rei Gemengen éischter unzeschwätze wéi vill traditionell Parteien.

Ganz interessant Zuele ginn ët bei den ongültege Stëmmziedelen, respektiv deene Leit déi trotzdeem datt se hätte kënnen oder misse wielen, net gewielt hunn.

Zielt ee béid Zuelen zesummen kënnt een op 56431 Leit... vun 285335, also knapp 20%. An dat trotz Wahlflicht. Och wann ët wuel net ëmmer aus Protest ass an e sëlleche Grënn dovir ka ginn, sou sollten déi Zuelen an Zäiten vu Globaliséierung an engem ëmmer méi breeden a staarke Big Brother eiser Politik-Elite ze denke ginn. Och dat ass méiglecherweis e Beweis vir d’Verännerung an der Wahrnehmung vun der traditioneller an etabléierter Parteielandschaft am Grand-Duché. Wann ee bedenkt, datt bei der Bundestagswahl bei eisem däitsche Noper ronn 35% vun de bis dato Net-Wieler vir d’AfD gestëmmt hunn an déi AfD notamment bei den Aarbechter staark ofgeschnidden huet, da sollt een esou Zuele net ignoréieren.

Zu Péiteng, am Minette, do wou d’Piratepartei also 9,2% oder 2 Sëtz krut, genee do sinn Déi Lénk an ADR eidel ausgaangen. An och di klassesch, eigentlech Mëtt-Lénks orientéiert LSAP huet landeswäit weider ferm Plomme gelooss. Vir beim Beispill Péiteng ze bleiwen, grad do hunn ënner anerem 2 LSAP-Gewerkschafter zerguttst Verloschter missen astiechen. Hir Partei huet do 7,1% u Stëmme verluer. An esou ass ët op ville Plazen, notamment och am Minette gaangen.

Den Trend setzt sech also weider fort. Dat beweist och d‘Resultat aus der Sozialisten-Héichbuerg Esch/Uelzecht, wou eng Spëtzekandidatin Vera Spautz dem Georges Mischo vun der CSV ënnerleeën ass. Dat léisst déif blécken. Säit dem Big Bazar 1999 hunn d‘Sozialisten an der Minettemetropole onënnerbrach de Buergermeeschter gestallt. Dobäi stellt Esch/Uelzecht vläicht awer och eng kleng Ausnam duer. Duerch de Mangel un Ënnerstetzung vun anere Gemengen huet déi eigentlech virbildlech Sozialpolitik vum Vera Spautz eventuell mat zu deem Wahlresultat bäigedroen. Déi Sozialpolitik war wuel ee vun de Grënn, déi de Georges Mischo dozou beweegt hunn mat der Behaaptung Wahlkampf ze maachen, datt Esch nët dën office social vum Land ass.

Datt e fréieren LSAP-Ausseminister an Zäite vu Facebook an Twitter dat Resultat vu senger Partei quasi exklusiv op e Mangel un Ënnerstëtzung vun der Escher Dageszeitung zréckféiert, weist awer och wéi wäit eng Rei LSAP-Spëtzeleit vun deem fort sinn wat den einfache Wieler un der Basis wierklech beweegt an erwaart. An deenen Erwaardungen gëtt d’LSAP net méi gerecht.

Och an der Heemecht vum geploten Inneminister huet d’Sozialistesch Aarbechterpartei alles anescht ewéi gutt ofgeschnidden. Zwar huet d’Buergermeeschtesch selwer e ganz gudde Score gemaach, an awer huet de Wieler och zu Monnerech mat de Sozialisten ofgerechent. Nët nëmmen d’absolut Majoritéit ass fort. D’Sozialisten ginn zu Monnerech op d’Oppositiounsbänk geschéckt.

Spéitstens do ass ët op der Tapéit, d’Thema Nationalpolitik an d’Fro no der Identitéit vun der Sozialistescher Partei.

Matt enger Ausnam – vu 1999 bis 2004 – waren d’Sozialisten säit 1984 ëmmer un der Regierung bedeelegt. A nach nie gouf et esou en Ofwärtstrend, deen elo schonn eng ganz Rei Joren unhält.

Der LSAP feelt et mëttlerweil un enger konkreter Zilgrupp, ebe well dat klassescht Lenks-Riets-Bild ëmmer méi verschwënnt. Sie versicht vläicht vill (ze vill) eng enorm grouss Bandbreet u Wieler unzespriechen an hadert deelweis och dowéinst mat sech selwer. Op der enger Säit e soziale Fligel dee net richteg mat der méi liberaler Ausriichtung vun der Partei eens gëtt, an op der anerer Säit eben dee méi wirtschaftsliberalen Deel dee versicht Wieler vun der DP an aneren op seng Säit ze zéien.

E weideren Aspekt gesellt sech awer och nach dozou, a mécht d’Situatioun vun der LSAP net onbedéngt méi einfach. Där LSAP hir eigentlech Stammwielerschaft, d’Aarbechter nämlech, sinn hautdesdaags kaum nach Lëtzebuerger. Déi vill Lëtzebuerger déi direkt oder indirekt an oder vir d’fonction publique schaffen, setze net onbedéngt exklusiv op d’Sozialisten, mä fillen sech och bei anere Parteien gutt opgehuewen. Dobäi kënnt datt et lénks niewt der LSAP eng Partei Déi Lénk gëtt, déi dee sozialen Usaz an den Aen vun enger Rei Wieler genee esou gutt erfëllt.

Och an der Stad Lëtzebuerg sinn d’Resultater interessant. Beim Ubléck vun der Haaptstad kann ee berechtegterweis d’Fro opwerfen, ob dat Resultat net nëmme bedéngt representativ ass. Tatsächlech hunn an der Stad net emol méi 40% vun de Résident’en d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Virum Hannergrond datt sech d’Zuel vun den auslännesche Matbierger déi sech op d’Wielerlëschten ageschriwwen hunn generell a Grenzen hält, ass dat gutt Resultat vun CSV, DP an Déi Gréng eventuell dach awer méi nuancéiert ze unzegesinn. Landeswäit waren ët 33898 Net-Lëtzebuerger déi mattgewielt hunn. An der Haaptstad waren et 6677 Leit ouni Lëtzebuerger Nationalitéit, vun 34399 ageschriwwene Wieler. Hëlt een elo d’Populatioun vun der Stad Lëtzebuerg als Vergläich, dat sinn ëmmerhin 114000 Leit, sou ass dat schon e bësse cocasse. Landeswäit ass d’Tendenz méi oder manner ähnleg.

Virun deem Hannergrond dierft also notamment d’Diskussioun op verschiddene Niveau’en nees un Aktualitéit gewannen, ob ët nach ubruecht ass datt nëmmen d’Halschent vun enger Bevëlkerung iwwert eng ganz Populatioun entscheet.

Philippe Hoffmann


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.