Lieserbréif vum Roby ZennerAlles am Grëff ? – Näischt am Grëff

Een, dee keng Ahnung huet an op der Televisioun an am Radio ëmmer erëm héiert, wéi den Nohaltegkeetsminister an nach munnech aner Politiker net midd ginn, ze betounen, wat se alles am Stroosseverkéier un Neiem gemaach hunn an datt se elo alles am Grëff hunn, dee ka wuel net anescht, wéi hinnen ze gleewen.

Hëlt en awer dann emol eng Kéier den Auto oder de Motor raus, da gesäit en, datt dat alles nëmmen eidelt Geschwätz ass.

Well wéi kinnt een sech anescht erklären, datt een op engem normale Mëtteg um 4 Auer vun Ettelbréck bis op Déifferdeng, knapps 70 km, ganzer 3 (dräi !) Stonne brauch. Op der Nordstrooss bis virun d’ Stad ass et där Deeg elo ganz gutt gaang, an engem Minimum vun Zäit, an da war et definitiv fir gutt zwou Stonnen eriwwer. Dat Allerschlëmmst ass awer méi wéi jee de Kierchbierg, wouhin een auswäicht ; well do geréit ee vun engem Schantjen an deen aneren a vun enger Ëmleedung an di aner. Da probéiert een d’ Areler Strooss, mee do ass et och net besser, eleng scho wéinst deene ville Sortien vun enger eenzeger Grande Surface. Vun Déifferdeng scho guer net ze schwätzen, hei ass méi wéi eng Haaptstrooss zou an et gi kilometerlaang Stauen.

Et verschléisst ganz sécher keen sech neien Infrastrukturen a Verbesserungen. Mee wat mer elo hunn : Lächer a Lächer, Ëmleedungen an Ëmleedungen, Schantercher a Schantercher, gespaarte Stroossen a gespaarte Stroossen.

An da kréie mer geroden, den ëffentlechen Transport ze benotzen. Soll dat nach sérieux sënn ? Awer net esou ! Vun Déifferdeng-Fousbann bis op Déifferdeng – ronn zwéi Kilometer – brauch den Diffbus méi wéi eng Kéier ganzer 40 Minutten. Mam Zuch fir op Rodange oder fir an d’ Stad ass et och net besser : eemol huet en net wéineg Verspéidung, a méi wéi eng Kéier kënnt e guer net.

Dat kënnt bal nëmmen dovun, well di responsabel Politiker gären alles, direkt a matenee maache loossen, an dëse Méint natierlech besonnesch séier, well alt munnecher an der Stad fäerte mussen, am Oktober 2018 hire Büro mussen ze raumen.

Mer brauchen net emol esou weider ze fueren, schonn elo zéie mer am Vergläich mat der Verkéierssituatioun zu Bréissel, zu Paräis an zu London de kierzeren.

                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                Roby ZENNER


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.