Lieserbréif vum Roby ZennerFënnef Walbezierker oder nëmmen een ?

D’Diskussioun iwwer d’ Andeelung vun eisem Land a Walbezierker ass net vun haut a gëscht ; si geet wéinstens scho bis an di siwwenzeger Jaren zeréck. An dësen Deeg ass just nach d’ Fro bäikomm, op d’ Gemeng Koplescht soll zum Walbezierk Süden oder zum Zentrum gehéieren.

Deemools ass méi wéi eemol derfir plädéiert ginn, nach e fënnefte Walbezierk fir de Weste vum Land bäi ze maachen. Mee och dee Virschlag ass schliisslech am Sand verlaf.

Am Kontext vun de Walbezierker muss een sech kënnen d’ Fro stellen, wat mir eigentlech mat véier Walbezierker maachen an ob déi nach an eis Zäit passen. Am Ausland betrëfft d’ Andeelung bei de Wale Millioune Wieler, an an eisem klenge Ländche menge mir, der ganzer véier mussen ze hunn. Dat war vläicht gutt a fréieren Zäiten, wou d’ Kandidaten sech just perséinlech konnten an de Walversammlungen a mat Ziedelen an d’ Boîte bekannt maachen. Mee haut spillen d’ Medien, alle virop de Radio, d’ Televisioun, di geschriwwe Press, mee och den Internet, di alleréischt Gei, fir d’ Parteien an d’ Kandidate virzestellen. Firwat soll net e Wieler vu Péiteng kënnen e Kandidat vu Klierf wielen, deen en als kompetent ugesäit ? An och ëmgedréint : Kann en Deputéierte vun Esch/Uelzecht net grad esou gutt fir d’ Leit aus dem Eisleck an der Chamber antriede wéi ee vum Éislek selwer ?

An iwweregens : zwou Stëmmen am Osten hu guer net datselwecht Gewiicht wéi zwou Stëmmen am Zentrum. An dësem Walbezierk brauch een x Stëmmen, fir iwwerhaapt emol eng Chance ze hunn, gewielt ze ginn, an an deem Walbezierk geet eventuell schonn d’ Halschent vun de Stëmmen duer. Hätte mer just nëmmen een eenzege Walbezierk fir d’ ganzt Land, da wier eng Stëmm hei wéi do genau esou vill wäert. Wier dat dann net vill méi demokratesch a méi gerecht ?

Sollte mer duerfir net all Bierger am Land mam aktive Walrecht d’ Méiglechkeet ginn, säi Choix vun de Parteien a vun den eenzelne Kandidaten aus dem ganze Land ze treffen ? Een eenzege Walbezierk fir eist ganzt Ländche géing vëlleg duer.

                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                Roby ZENNER

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.