Lieserbréif vum Roby ZennerMam Handy um Zebrasträifen

Zënter datt et den Handy gëtt, fält et engem ëmmer méi op, datt di nei Erfindung ëm sech gegraff huet wéi d' Pescht a mat der Handy-Manie eng regelrecht nei Krankheet geschafen huet : ob am Bus, am Zuch, am Buttek, op der Toilette, am Kino, am Theater, iwwerall rabbelen di Dénger an deenen onméiglechsten Téin. A schwätzen deet een och bal net méi mateneen, et schreift een nëmmen nach SMSen am Plaz de Kontakt vu Mënsch zu Mënsch ze sichen.

Wat engem awer ganz besonnesch a leschter Zäit an d' A gefall ass an engem ferrem op de Sou geet – fir net méi ze soen -, dat ass, datt den Handy elo ëmmer méi d' Trëttoiren an esouguer d' Zebrasträifen eruewert.

Wéi dacks gëtt een um Trëttoir regelrecht erféiert, well een do kënnt, deen d' Aen net am Grapp, mee um Handy oder um Tablet huet an dann an ee knuppt ; vun Entschëllegung kaum eng Spuer. Mee nach vill méi geféierlech, jo, esouguer liewensgeféierlech ass di Manie ginn, direkt vum Trëttoir flatsch op den Zebrasträifen ze trëppelen, ouni riets a lénks ze kucken. Un de Chaufferen an un de Motos- a Vëlosfuerer hält et dann nach just, ob ee mam Handy am Grapp vir um Küler lant oder net, meeschtens och nach mat zwéi Knäpp am Ouer, fir ganz eleng mat senger Musek ze sënn. An dëser kaler Joreszäit gëtt dëst irresponsabelt Behuelen dann nach méi geféierlech, well muenechereen am Reen an an der Keelt och nach d' Kaputz bis iwwer d' Nues zitt an sech esou komplett vun der Ëmwelt ofkapselt, jo, esouguer anigelt.

Et ass wuel luewenswäert, datt d' Police esou vill Kontrolle wéinst dem Alkohol an der leider vill manner wéinst dem Handy am Auto an dem Sécherheetsguert mécht, mee se sollt och emol aner risikoräich a verbuede Praktiken iwwerwaachen, wéi kee Winker beim Ofbéien an eng Strooss oder am Rondel umaachen, am just dënne Flom vun Niwwel d' Niwwelluuchte vum September bis den Abrëll brenne loossen, d' Luuchten net kontrolléiere loossen, ouni Luucht mam Vëlo fueren an eben och a besonnesch geféierleche Situatiounen um Handy klimperen, besonnesch um Zebrasträifen.

Domat géif d' Zuel vun de geféierleche Situatiounen an domat och vun den Accidenter bestëmmt drastesch erof goen.

Roby ZENNER

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.