Lieserbréif vum Roby ZennerVu Politiker, déi wëllen, awer net kënnen, ...

... a vu Politiker, déi kënnen, awer net wëllen.

No de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 ass munnech Tënt gefloss a munnech Otemzuch dru gewot ginn, fir d' Resultater ze analyséieren, ze kommentéieren a wann néideg ze diskutéieren.

Am Virdergrond vun den Diskussioune stoungen allerdéngs déi Magouillen, déi et hott an har am Land ginn huet an nach gëtt. Munnech Wieler a Journaliste waren opbruecht, well an net wéinege Gemengen dem Wielerwëllen absolut net Rechnung gedroe ginn ass : Éischt- an Zweetgewielter së schonn deeselwechten Owend op d' Säit gedréckt ginn, anerer hate scho virun de Walen en ofgemaachtent Spillchen an d' Wee geleet, an nach anerer hunn de Wieler fir weider sechs Joer Wieler si gelooss. Deemno gëtt et elo munnech Gemengepolitiker, déi zwar wëllen, mee wéinst deenen ofgemaachte Spillercher net kënnen. Guer net ze schwätzen vun deem sougenannte Splitting, deen absolut keng gesetzlech Basis huet an duerfir direkt scho misst verbuede ginn.

Et gëtt awer och nach eng aner Zort Politiker, vun deene vill, vill manner geschwat gëtt, wann iwwerhaapt, an dat sënn déi, déi zwar kënnen, awer net wëllen. Wat soll ee vun enger Kandidatin halen, déi sech grad just e puer Deeg no de Walen, anscheinend vun engem Moment zum aneren, bewosst gëtt, datt hire Beruff an d' Mandat am Konzell net laanschtenee kommen an dann d' Mandat net unhëlt. A wat denke vun enger Kandidatin, déi dem Wielerwëllen no zwar misst de Buergermeeschterstull unhuelen, mee dann awer verzicht aus Grënn, di kengem aliichten. An da gëtt et nach déi, di motzen : Wann ech scho Buergermeeschter war, da wëll ech dat och bleiwen, soss trieden ech scho guer net un, well – wéi huet et schonn e bekannten Deputéierten a fréiere Minister ausgedréckt – « D' Oppositioun, dat ass menges näischt. »

A fir wéi domm gëtt da vun deenen doten de Wieler gehalen ?

De Pierre Werner, europa- an esouguer weltbekannte Staatsminister hei zu Lëtzebuerg, war sech net ze Schued, vun 1974 bis 1979 an d' Oppositioun ze goen an als « einfachen » Deputéierten Knachenaarbecht als Chef vun der gréisster Oppositiounspartei ze maachen. Haut nach kann a muss een him duerfir bis wäit iwwer d' Graf ewech den Hutt ofdoen – am Konträr zu deenen, déi zwar kinnten, mee net wëllen.

Mir aarm Wieler, hu mir da wierklech esou Politiker verdéngt, déi just d' Nues wëllen héich droen, awer sech ze Schued fannen, fir op deenen einfachen, wuel méi haarde Bänke vun der Oppositioun ze sëtzen an déi wichteg Aarbecht ze maachen, fir déi se vum Wieler ugestallt gi sënn ?

Roby ZENNER

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.