Lieserbréif vum Felix Reding100 Joer Oktoberrevolutioun - ee Joerhonnert Honger, ...

... Terror, Mord a Genozid

            Ewéi de Vladimr Ilyich Lenin de 7ten Oktober 1917 d'Russesch Republik mat hirer provisorescher Regierung gestierzt huet, koum et zu engem Muechtwiessel, ouni datt zu Moskau en Schoss gefall ass. An trotzdeem huet de Lenin heimat de Grondstee geluecht fir déi bluddegst an destruktiivst politesch Ideologie, déi d'Welt jeemools gesinn huet. Ewéi zu Berlin 72 Joer spéider d'Mauer gefall ass, an domat déi lescht Bastioun vum Kommunismus am Westen, woussten d'Bierger aus der DDR ganz genau wat de Kommunismus alles an hirem Liewen zerstéiert huet.

            Haut, no engem Joerhonnert praktizéierte Marxismus an de verschiddenste Länner op der Welt, fillen ech mech gezwongen nees drun ze erënneren, ewéi eng zerstéieresch Ideologie duerch dem Marx an Engels hir Texter fräigesat gouf. Ouni Zäitzeien ze sinn ass et nämlech ganz schwéier sech den Ausmooss vu Leed virzestellen, déi de Kollektivismus geschaf huet. Schätzungsweis sinn 100 Millioune Leit duerch de Kommunismus ëmkomm. Dat sinn 154 Doudeger pro Stonn, vun indirekten Affer mol net ze schwätzen. Souguer déi bluddeg Ideologie vum Nationalsozialismus huet wéit manner Affer gefuerdert.

            Déi eng Ideologie gëtt (zu Recht!) bekämpft, ausgegrenzt an deelweis gesetzlech verbueden. Déi aner  idoliséiert, romantiséiert an deelweis mat staatleche Gelder gefërdert. Mir gesinn en kloren moraleschen Duebelstandard. D'Nazien hunn, an hirem kranken a besiessenen Drang d'Ideologie vum nationalisteschem Sozialismus duerchzesetzen, Europa an en Krich gestierzt a geziilt Genozid bedriwwen. Mir sinn eis als eens datt hir Ideologie eng däiwelesch war.

            De Marxismus, anerersäits, gëtt nach ëmmer op Basis vu sengen theoreteschen Zich beuerteelt, an net op Basis vu senge reelle Konsequenzen. En absurden Zoustand, wann ee bedenkt, datt all eenzele Marxistesche Regime Mord, Honger, Terror a Genozid mat sech bruecht huet. Regimer, déi d'Marxistesch Ideologie konkret a konsequent duerchgesat hunn, hu missen Terror bedreiwen, esou wei vum Marx an Engels selwer gefuerdert. All Widderstand huet nämlech fir d'Duerchsetzung vun hirer Ideologie missen erläschen:

“Es [gibt] nur ein Mittel, […] die blutigen Geburtswehn der neuen Gesellschaft abzukürzen, zu vereinfachen, zu konzentrieren, nur ein Mittel - den revolutionären Terrorismus. […] Wir sind rücksichtslos, wir verlangen keine Rücksicht von euch. Wenn die Reihe an uns kömmt, wir werden den Terrorismus nicht beschönigen.”[1]

            An awer lafen haut ëmmer mei Jonker stolz mam Che Guevara op der Broscht duerch Stroossen. Si fuerderen den Opstand géint d'Zwangsherrschaft vum Kapitalismus. De Lénksextremismus gëtt verharmloost, a kommunistesch Philosophe fërmlech vergëttert. Zu Tréier wäert deemnächst eng 6 Meter grouss Statue vum Marx an d'Héicht stiechen, en generéise Cadeau vun der Volleks"republik" China, wou eleng duerch dem Mao säin "Grousse Sprong no vir" Millioune Leit dem Kommunismus zum Affer gefall sinn.

            Dofir mäin Opruff haut. Et muss sech nees mei hannert eng fräi, liberal Gesellschaftsentwécklung gestallt ginn. Et gouf nämlech nach ni esou wéineg Aarmut ewéi haut. Géint Aarmut hëlleft Handel an net blann Ideologie. Aus fräie Marchéen entsti fräi Mënschen, eng diversifizéiert Gesellschaft an eng entfesselt Demokratie. De Kapitalismus ass natierlech kee perfekt System, an d'Globaliséierung huet vill Mënschen am Stach gelooss. Mee fir ze mengen, datt d'Léisung de Marxismus wier, ass besonnesch ignorant an eng eenzeg Schan fir d'Erënnerung un all d'Affer vum Kommunismus, un déi mir no engem Joerhonnert Oktoberrevolutioun besonnesch denke sollten.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.