Lieserbréif vum Paul ClementCamping Car an eiser Stad Lëtzebuerg

Ech wollt och mol eppes lass ginn, weisou gett et bei eis an der Staat keng Meiglechkeet fir mat engem Camping Car legal kennen ze stoen an och emol ze iwwernuechten? Mir hunn wuel ronderem eis Staat 2 Campingen mee dei sinn ab Mett Oktober zou, an wann een dann op engem groussen Parking steet, riskeiert een en fatzegen Avertissement, sollt een eventuell nach an engem Resto gewierscht sinn an eppes gedronk hunn beim iessen, dann ass een sein Führerschein och lass,, well een soi disant hannert dem Steier alcoholiseiert ass, och wann een am bett leit. Ech hunn mat villen Leit ennerwee op Reesen geschwaat wou gaeren gengen op letzebuerg kommen, mee weinst Stellplaatzmangel et net maan. Wann een am Ausland kuckt, do get et an Daitschland , Frankreich an souweider eng super Innfrastruktur fir sou Gefierer mat Entsuergungsmeiglechkeet fir Oofwaaser, Stroumseinen , Freschwasser asw. daat misst dach an enger Staat wei Letzebuerg och ze maan  sin, zb Kirchbierg oder no un der Staat, am Ausland gin et souguer Stellplaatzen matten an der Staat. Daat Ganzt waer waat Secherheet an Propreteit unbelaangt matt en puer Leit Personal super ze managen, mettlerweil fueren esou vill leit mat wonnerscheinen an och deieren Camping Cars durch Europa, do sin och ganz vill heichgestallten Perseinlechkeeten drenner , an daat alles sin keng Leit dei hieren Dreck einfach sou an der Natur hannerloossen, dei wou daat maan gin och soss entzwousch heich bestrooft an daat as och richteg. Mir Camper lossen och vill geld mat Restaurant an Shopping.

Deen Breif hei bezitt sech op eis Haaptstaat, um land ginn et vill Campingen dei ganz schein sin, mee net jiddereen well mam Bus oder velo aus dem Eisleck oder vun de Musel fir een dag oder 2 an d`Staat. Als eng Haaptstaat vun der EU fannen ech misst et op sou eppes gin, schon eleng well ganz vill Leit op der Duurchrees fir an den Süden bei eis jo och nach volltanken an sech mat aaneren Wuren versuergen, en groussen Deel gengen bestemmt en Halt anleen. Frei stoen ass bei eis jo zimlech gefeierlech an souwisou vrbueden, mee waat mecht een wann et engem mol net gudd get, ween iwwerhellt dann eng Verantwortung. leif Gemeng Letzebuerg , huelt Iech emol en Beispill um Ausland.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.