Lieserbréif vum Marianne Kohl-GremlingAntigaspi (Konsumschwäin)

Haut mëllen ech mech mol  zu Wuert

jo ech, äer Poubelle

Nondikas

wat ass nëmme mat iech lass

dir Konsumschwäin / dir Drécksschwäin

 

kënnt dir iech nämlech net behuelen

musse mir gläich all méi bezuelen

sou einfach ass dat

      soen déi aus der Stad  ....

 

iwwerloossen mir also  léifer d`Verschwendung denen

déi méi dovunner verstinn

a mir ennerstëtzen datt weiterhinn

just mat finanziellen Sprëtzen  ...

 

 Copyright: Marianne Kohl – Gremling. ( Nov. 2017 )


 

Vu mengem Drécksdëppen geet iwregens héi net Riets  , NEE ech bezuelen mat fir Dommheeten, d`Feeler ,Verbëtzlung vun Liewensmëtteln, Geldverschwendung, .a.s.w.

sou ginn meng Täschen ëmmer méi eidel,

während aner sech fëllen hire Beidel.

an och de Sproch :op aarm oder räich,

all sinn se gläich

kënnen see sech soss iergendwou hi schmieren

während se nämlech viru menger Dier kieren

dinn se sech selwer am Luxus suhlen 

dinn sech ir Drem afëllen an dinn sech alles gönnen

an dobäi dinn sech wéineg ëm d`Ëmwelt suergen

 

an och dem Vollek ass schonns laang bewoosst

si huelen weder un den Räichen

nach vun Ihresgläichen

   an e muss d`Rechnung  schlussendlech jo begläichen :

Copyright: Marianne Kohl - Gremling 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.