Lieserbréif vum Roby ZennerWéi mir bei d'Lisette gelooss ginn

Zënter Méint scho gëtt et ferrem Diskussiounen iwwert di onméiglech Fraisen, déi d’ Banken de Clienten ofknäppen. Besonnesch fir all Sou, deen ee bei de Banken a beim Postscheck ophieft – seng eege Suen ! – muss een 3 Euro zeréck loossen.

Dorophin huet d’ ULC eng ganz grouss Ënnerschrëftenaktioun gestart, déi Dausenden Ënnerschrëften erbruecht huet. Doropshin huet de Finanzminister eis berouegt an erkläert, hie géif sech där Saach unhuelen. Moie Misch: Bis haut ass guer näischt geschitt.

Dat Ofzocke vun de Banke geet nämlech monter virun. Dir hutt e Kont vu ronn 600 Euro bei der S[...], deen Der wëllt zoumaachen, well Der en net méi braucht. Mee da gitt Der eréischt richteg erféiert. D’ éischt emol huelen se Iech 3 Euro of, well Der Suen – Är eege Suen! - ophieft. An da kommen nach aner Fraisen derbäi: 3,50 Euro fir « Commission d’ arrêté » an dann – et ass fir vum Stull ze falen – 50 Euro, jo, fofzeg (!) Euro, als « Commission de clôture ». Dat ass d’ Leit net nëmmen erageluegt, mee regelrecht bestuel! An dat Ganzt fir emol keng zwou Minutte Geklimpers um Computer.

Mee et sënn net nëmmen d’ Banken, déi d’ Leit esou bestielen, aner Privatfirmaen sënn eigentlech nach schlëmmer. Dir bucht bei enger grousser Busentreprise eng Dagesrees op en Adventsmaart am Ausland, 100 Euro fir zwee Leit. Dat ass jo schonn en enorme Präis, well ob elo 25 oder 27 Leit am Bus sëtzen, dat mécht der Entreprise absolut keng Fraisen, well et ass nëmmen d’ Busfahrt abegraff. Elo musst Der déi Dagesrees awer aus gesondheetleche Grënn annuléieren. Da knäppt déi Firma Iech 75 Euro – jo, fënnefasiwenzeg (!) Euro – of, fir z’ annuléieren. Dat ass da mat knapps enger Minutt Geklimpers um Computer geschitt. An dann hunn déi nach d’ Frechheet – fir net méi en ellent Wuert ze gebrauchen -, fir Bedenken ze hunn, Iech de Rescht vu 25 Euro zegutt ze schreiwen.

Dat alles ass vläicht berechtegt, mee et ass an et bleift eng Schwéngerei sonnergläichen!

Roby ZENNER

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.