Lieserbréif vum Jean-Jacques ToussaintRadikaliséierung oder wann d'Politik laanscht d'Bierger geet

Wann een eise Politiker gleewe kann, da gëtt et ëmmer méi Radikaliséierung an Europa. Déi traditionelle Parteie verléieren u Stëmmen. A ville Länner hunn d‘sozialpolitesch Parteien u Stëmme verluer an d’Partei Spëtzten froen sech wéisou.

Wann een z.B déi läscht 10 Joer kuckt, da geet d’Politik a virun allem d’Europapolitik laanscht d’Vollek. Direktiven ginn vum Europaparlament gestëmmt a Statistiken mat Virschléi vun der OECD publizéiert déi dem schafende Vollek, « an dat si nët nëmmen Aarbechter am Sënn vum Wuert mee och Privatbeamten, d’Mëttelschicht » wéineg Positives bruecht hunn oder brénge wäerten.

Leeft duerch d’Ëmsetzung vun den Europäeschen Direktiven an d’nationalt Recht logescherweis net och d’National Politik laanscht d’Vollek?

Och de Sozialofbau gëtt vun deenen traditionellen an och sozialpolitesche Parteien weidergedriwwen an d’Foussvollek kann de Portemonnie ëmmer méi grouss opmaachen. Zum Schluss bleiwen Enn des Mount’s ëmmer méi Deeg a manner Pai oder Pensioun rescht.

Bei eise Noperen, an Europa, streiken d’Leit an d’Regierungen, d’Politiker maache grad weider mat hire Spuerpläng ouni dem Vollek no ze lauschteren an op deenen hier Problemer an ze goen. Et ass also selbstverständlech dass wann een dem Vollek net nolauschtert, den Hals zoudréckt, d’Vollek bei de Wahlen reagéiert an déi traditionell Parteien ofwielt.

Et ass erstaunlech dass d’Politiker dës Leit als Radikaler ofstempelen obwuel dës ziviliséiert Leit näischt aneres gemaach hunn ewéi vun hirem Wahlrecht gebrauch ze maachen an déi Politiker, déi Parteien bestrooft hunn, déi hinnen mat zwee Féiss an d’Halsgenéck sprangen an un hiren falschen an onproduktiven Décisiounen géint d’Vollek festhalen.

Kucke mer hei am Land, d’Präisser vun de Wunnengen, de Loyeren, asw, esou sinn et keng aner ewéi d’Sozialisten déi an der virechter CSV-LSAP Regierung d’Remboursementer vun de Medikamenter an Dokteren gekierzt hunn. Et war een sozialistesche Minister deen d’Fusiounen vun de Kliniken ugedriwwen huet a Better an de Kliniken ofgebaut huet, deen d’Automatesch Entloossung no 52 Woche Krankeschäin a gefouert huet. Et sinn elo bei Gambia gläich zwee sozialistesch Ministeren déi weider um zoumaache vu Kliniken schaffen, weider Better ofbauen, Verschlechterung am Fleegeberäich ëmgesat hunn am ëmsetze wëllen.

Jo, all dës an aner Mesure si beim Vollek ukomm!

Wéini kommen dem Vollek seng Messagen, Problemer a Suergen bei de Politik un? Wéi Radikal sinn eis Politiker?

 


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.