Lieserbréif vum Jean BodenHin an hier mam Vermummungsverbuet

Hin an hier mat der gesetzlecher Reegelung vum Vermummungsverbuet.

Elo läit jo een Avis vum Staatsrot vir betreffend de Projet de Loi vun engem Vermummungsverbuet vun der Regierung. An déi 5 ‚Oppositions formelles‘ (bei engem Text an engem eenzegen Artikel !) weisen erëm eng Kéier aus, datt hei een handwierklech juristesch schlechten Text, presentéiert ginn ass. Dat ass jo déi lescht Zäit scho méi oft virkomm, brauch ee just un d’Gesetzestexter ze denken, wéi d’Policereform, Spidolsreform, Kierchefabricksreform, Fleegeversécherungsreform, Landesplanungsgesetz ... etc.

Betreffend dat sougenannt ‚Vermummungsverbot‘ fannen ech den Text vum Minister Braz dohier och net gutt, well en net konsequent genuch ass. Bei enger kohärenter gesetzlecher Reegelung vun engem Vermummungsverbuet misst jo eigentlech just der gesellschaftlecher a kultureller Basis vum Zesummeliewen an eiser fräier an oppener Gesellschaft Rechnung gedroe ginn. Dat bedeit dann als Konsequenz een Allgemengt an iwwerall am ëffentleche Raum geltend Vermummungsverbuet. An dat ouni elo hei spezifesch op d’Burka oder ähnleches anzegoen.

Verschidde Forme vun enger Vermummung hunn jo och e groussen Impakt op eis Gesellschaft hisiichtlech vun Zesummeliewen an Integratioun, an deen Text hei vum Minister Braz ass heibäi net hëllefräich. Am Contraire, hei si bei ganz spezifesche Fäll vu Vermummung, wéi Burka oder Nikab, bei der geplangter Reegelung esou grouss Inkohärenzen, datt dëst hei zu bossege Situatioune ka féieren, wou dann eng betraffe Persoun hei misst sech un- an ausdoen, deemno wou se higeet. Dat beweist, datt et e komplette Blödsinn ass, esou eppes op déi Aart a Weis probéieren ze reegelen, a mécht och d’Ëmsetzung an der Praxis vun esou engem Gesetz immens komplizéiert an oniwwersiichtlech.

Dobäi kënnt nach, datt jo och an deene 47 Gemengen (déi esou ee Reglement hunn) hei och déi verschidde Gemengereglementer betreffend engem Vermummungsverbuet bestoe bleiwen, an dëst dann dat Ganzt ëmsou méi komplizéiert mécht.

BODEN Jean

Gonnereng

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.