Lieserbréif vum René KochEe bedenkleche Joresdag

Dëser Deeg huet d'Wëssenschaft ee bedenkleche Joresdag. Eng Saach, un déi een denkt, wa spekuléiert gëtt, ob nordkoreanesch Rakéiten, déi elo viru Japan méi dacks an d'Waasser falen, Nuklearsprengkäpp droe kënnten. Japan spillt do dran nach eng aner Roll.

De 7. Dezember 1941 bombardéiere japanesch Fliger Pearl Harbor. E sougenannte Präventivschlag. Et gëtt japanesch Attacken op Deeler vun de Philippinen a vu Malaysia, op Guam, Singapur an Hongkong. Amerika erklärt Japan de Krich a véier Deeg méi spéit erklären Däitschland an Italien den Amerikaner de Krich. E Joer méi spéit, Enn dëser Woch den 2. Dezember viru 75 Joer gëtt op der Universitéit zu Chicago an enger holze Këscht vu knapps 8 Meter op 8 Meter an enger Hal, wou virdru Squash gespillt gouf, di éischt kontrolléiert nuklear Kettereaktioun an de Gank gesat. Ënnert der Directioun vum Italiener Enrico Fermi an dem Ungar Leó Szilárd. D'Leeschtung wor en halwe Watt, mä d'Wiirkung wor immens.

Manhattan's critical moment

De Fermi, ee vun den aflossräichste Physiker iwwerhaapt, hat 1938 vu senger Nobelpräis-Rees a Schwede profitéiert, fir sech a seng jüdesch Fra Laura mat hiren zwee Kanner virun den italienesche Faschisten ze retten. De Szilárd wor bis 1933 an Däitschland, an hat Iddiën, déi äis nach haut nei virkommen, wéi de Frigo ouni Kompresser oder d'Radionukleidbatterien, déi a Satelliten dra sinn. E gung als jüdesche Wëssenschaftler mat Wäitbléck ewell 1933 mat Zäit an England. Do hat de Lord Rutherford grad erklärt, et wir Science-fiction aus Atomer Energie erauszehuelen. Wat de Szilárd net verstoe konnt, well ee vum Rutherford senge fréiere Studenten de John Cockcroft mat sengem Kolleg Ernest Walton dat a Reaktioune, wou Neutronen erauskoumen, festgestallt hat. De Szilárd huet gär méi wäit geduecht, a wéi e grad bäi enger rouder Luucht zu London ze waarde stung, hat e seng berühmt Iddi. D'Iddi wor eng Zort Domino mat Neutronen. Ee Neutron léist eng Reaktioun mat méi Neutronen aus, déi erëm weider ähnlech Reaktiounen ausléisen. Fir d'Energie wir den Einstein zoustänneg. Datt esou eppes méiglech ass, wann Atomkären opplatzen, dat gouf eréischt 1938 kuurz viru Chrëschtdag zu Berlin vun de Chemiker Otto Hahn a Fritz Straßmann entdeckt. An datt et wiirklech esou ass, a wéi een dermat ëmgoe kann, dat huet d'Lise Meitner mat hirem Neveu dem Otto Frisch, allebéid och am Exil, 1939 theoretesch ausgerechent.

Leo Szil rd, a traffic light and slice of nuclear history

D'Atombomm gouf iwwrigens 1939 vun 3 franséische Fuerscher zu Paräis patentéiert. Patent n°445686 bäi der Caisse nationale de Recherche Scientifique. Ënnert anerem vum Frédéric Joliot-Curie, dee souguer eng Zäit bäi der Arbed geschafft hat.

Aus Ungarn mussten deemols aner brilliant Leit wéi Wigner, Teller a von Neumann kucken, datt se fortkoume, well se Judde woren. Deenen hir Nimm an déi vu villen aneren Europäer si mam Manhattan-Projet verbonnen, an et fënnt een se an de Physiksbicher rëm. De von Neumann ass e Papp vum digitale Computer. Elo grad schwätze mer hei vun 'Digitaliséirung' wéi wann et eppes Neies wir. Bis haut suergen Immigranten aus der ganzer Welt mat hiren Iddiën a mat hirer Aarbecht derfir, datt Amerika a Fuerschung an Entwécklung vir bleift. An datt de Nowuess vun eise räiche Monniën aus Amerika domadder vill Sue verdingt. Wéi kënnt dat?

Manner wéi 3 Joer nom Experiment zu Chicago geheien amerikanesch Fligeren eng Uran- an eng Plutoniumbomm op déi japanesch Stied Hiroshima an Nagasaki. An dat ass d'Enn vun engem Krich mat op d'mannst 50 Milliounen Doudeger.

D'Nuklearmedizin an aner Applikatioune vun der Radioaktivitéit weisen,datt et op deem Gebitt och eng positiv Entwécklung gouf. D'Accidenter zu Three Mile Island, Tchernobyl a Fukushima weisen awer, datt am Ëmgank mat Radioaktivitéit de Verstand nach ëmmer gebraucht gëtt. Natiirlech brauch een dee nach méi am Ëmgank mat Atomwaffen.

Déiselwecht Nuklearfuerscher haten dann nach eng nei Auer erfonnt. D'Doomsday Clock, op där et elo zwou an eng hallef Minutt bis Mëtternuecht ass. Këmmert et äis?

René Koch

 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.