Lieserbréif vum Armand TurpelDe Youssef a seng Mamm

Viru Kuerzem gouf eng Famill, déi Asyl zu Lëtzebuerg ugefrot huet an schonn zënter 2011 hei lieft, per „retour forcé" an Georgien fortgeschéckt. Eng Mamm an hire Jong Youssef vu 12 Joer. De Grond war, dass d'Mamm falsch Informatiounen iwwert hier Identitéit gemaach huet.

Ëmgangssproochlech: „Si huet gelunn". De Jong Youssef kann déi Georgesch Sprooch net schwätzen, well hien ni do gelieft huet. Hie gouf an Däitschland gebuer. Kann also net do an d'Schoul goen.

Aus inoffizielle Quellen heescht et, dass et der Famill am Moment schlecht geet. Wat och net verwonnert.

"Léien", net d'Wouerecht soen, maache mir All, an dat méi oft wei eis dat bewosst ass. Bei 40% vun den Ligen, gëtt et drëms fir sech ze schützen. Nëmme bei engem minimale Prozentsatz gëtt dreems fir Anerer ze schiedegen. Et braucht net vill Fantasie fir eng Äntwert op déi Fro ze fannen, wat d'Motivatioun vun dëser Mamm wuer fir ze léien. Et ass ze hoffen, dass mir ni an esou eng Situatioun komme wäerten.

Hei ass net nëmmen d'Mamm gestrooft ginn, mee och hire Bouf, den Youssef. Wei et aus dem „Ministère des Affaires étrangère" geheescht
huet: „Force est de constater que dans tous ces cas, la responsabilité des parents envers les jeunes reste déterminante". Wei platt och ëmmer d'Lëtzebuerger Gesetzer interpretéiert goufen, misst iwwerpréift ginn op hei géint d'UN-Kannerrechtskonventioun verstouss gouf, a gegebenfalls misst géint Lëtzebuerg eng Plainte gemaach ginn.

D'Lieserkommentaren an den Medie fannen dat gréisstendeels richteg, dass déi Famill fortgeschéckt gouf. „Wien litt brauch net op Verständnis ze hoffen. D'Gesetz ass eendeiteg." Et ass erstaunlech mat wei enger Intensitéit den „Tëppelchen op den i" gesat gouf. Grad mir Lëtzebuerger sollten an dem dote Fall Grousszügeg an Nosiichteg sinn. Wann net mir wien soss?

Schéi Chrëschtdeeg,

Armand Turpel

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.