Lieserbréif vum Roby ZennerEis Sprooch: D'Regierung gëtt Gas a bremst

Wat soll een vun engem halen, deen am Auto de Gas bis ënnenof dréckt a gläichzäiteg mat voller Kraaft bremst? A wat vun engem, dee matzen am Wanter d' Heizung voll opdréit a gläichzäiteg all Fënsteren am Haus oprappt?

Abee, datselwecht mécht eis Regierung, wat eis Sprooch ugeet: si gëtt Vollgas an si bremst an engems mat voller Kraaft.

All gudden Dag héiere mer Ministere vun deene verschiddenste Borde behaapten, d' Regierung géif alles maachen, fir eis lëtzebuergesch Sprooch héich ze halen, ze erhalen, ze fleegen, ze verdéiwen, ze verbreeden, an de Virdergrond ze stellen. Elo soll esouguer en nationale Kommissär ernannt ginn, deem seng eenzeg an exklusiv Missioun doranner besteet, alles nëmmen Erdenkleches ze maachen, fir eis Sprooch héich ze halen. Mee dat schéngt nëmmen ze geschéien, fir eis Lëtzebuerger Sand an d' Aen ze streeën.

Well parallel, zur gläicher Zäit, gesi mer dann, dat déiselwecht Regierung eis Sprooch lénks leie léisst, méi nach, se iwwerhaapt emol net erunzitt. Dat leschten a vläicht bescht Beispill war dat bei der Aweiung vum Tram an der Stad : Hei steet jo do net virun Honnerte vu Gäscht « GOOD MORNING MOBILITÉIT ». Et huet een sengen Aen net getraut, wéi een dat op der Televisioun an an der Presse gelies huet. A wien huet déi Schlagzeil dann nëmmen entworf ? Egal, mee d' Regierung selwer huet jo dat lescht Wuert an di héchst Verantwortung iwwer esou e Logo.

Wat wier dat dach schéi gewiescht, wann do op där Plaz gestanen hätt « Gudde Moien, Mobilitéit » oder ganz einfach nëmme « Moien, Mobilitéit » ! Dat hätten all Éieregäscht kënne liesen a verstoen, well et ware jo wuel kaum Auslänner do, an déi hätten och ganz gutt verstanen, datt mir bei där Geleeënheet eis Mammesprooch héich gehalen hätten.

Mer haten nom Krich eng Period, an där dat Däitscht aus asiichtege Grënn lénks leie gelooss ginn ass, du koum eng Period Franséisch, duerno eng op Däitsch, an elo eben déi op Englesch.

Datt privat Initiativen dat Lëtzebuergescht just op di lescht Plaz setzen, dat kinnt een nach verstoen, mee datt et grad d' Regierung ass, déi vun eiser Sprooch téint, téint an téint, dat ass net ze verstoen a scho guer net gutt ze heeschen.

Si soll sech schummen an d' Léieren doraus zéien !

Roby ZENNER

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.