Lieserbréif vum Roby ZennerWat heescht hei « Convenance personnelle » ?

A leschter Zäit ass een iwwerrascht an zugläich erféiert a rosen, ze gesinn, dat souzesoen all Dokteschrechnunge mat deem Code « CP1 » oder « CP2 » ophalen.

Dorënner versteet een dat Wuert « Convenance personnelle ». Wann een deen Ausdrock richteg interpretéiert, da géif dat jo wuel heeschen, datt een aus perséinlecher Bequemlechkeet e Rendezvous beim Dokter gefrot huet an datt een dofir eng Taxe misst bezuelen.

Mee a Wierklechkeet ass dat net esou, guer net esou. Wann den Dokter Spriechstonn huet, z.B. vun 10 bis 12 an Nomëttes vun 3 bis 5, da kritt de Patient vum Dokter oder vun der Sekretärin e Rendezvous bannent där Zäit, net éischter an net méi spéit. Et ass also absolut net de Patient, deen deen Termäin freet oder reklaméiert, mee e kritt en einfach an der Praxis dohinner getässelt an en ass gebieden, sech drun ze halen. Et sënn esouguer Fäll bekannt, wou den Dokter e Patient bestallt huet, mee en ëm déi Auerzäit wéinst enger Urgence net konnt huelen, zwanzeg Minutte méi spéit koum en dann erëm an d'Praxis an huet duerno esouguer direkt zwou CP op d' Rechnung gesat.

All déi CP, ob een oder zwéin, së keng « Convenances personnelles » ! Dach, wann de Patient wéilt ausser de Stonne kommen, z.B. owes um 7 Auer, da wier en Zouschlag méi wéi berechtegt, an da sollt deen esouguer mat 10 oder 15 Euro berechent ginn.

Well de Beamten an der Post freet jo och keng extra Taxe, wann d' Leit an de Guichet kommen. An den Uebstmann setzt jo och keng CP op d' Rechnung, wann de Client akafe kënnt : si sënn nun eemol vun da bis dann do a kommen net extra fir e Client dohinner.

Et geet emol net ëm di puer Frang, déi ee méi muss bezuelen an och emol net drëm, datt d' Krankekeess déi Taxe net zeréck bezilt, mee einfach ëm e Prinzip vun Ongerechtegkeet a vun Ofzocken.

Et freet een sech, wien di do Méiglechkeete vun CP erlaabt huet : d' Krankekeese wuel net, d' Gesondheetsministesch ? Egal wien an deem Beräich kompetent ass, mee di ongerecht CP-Taxe gehéiert ofgeschaaft, an zwar direkt.

Roby ZENNER

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.