Lieserbréif vum Jerome KappweilerRPGH: Wann de Revenu um Enn vum Mount ze spéit kënnt

Ech sinn 62 Joer al, gravement handicapéiert a kréien all Mount den RPGH, de revenu pour personnes gravement handicapées.

Dat sinn knapps 1350€.- de Mount. Dass een domadder just mat vill Gerechens a Gespuers méi schlecht wéi recht iwwert de Mount kennt kann een sech virstellen, et kann ee sech eigentlech och guer net gesond ernähren well ee just kann aus dem Discounter Spaghetti´en vun 99cts iessen an aner Iesswueren déi kaum eppes kaschten.

Ech hunn haut, den 28. Februar, de läschten Dag vum Mount, wou mäi Pret , meng Assurancen, Enovos, Gemeng an Heizkäschten sollte bezuelt ginn, misse feststellen dass de FNS nach ëmmer keng Suen iwwerwisen huet.

De läschten Dag vun all Mount kennt emmer de Pflegdingscht bei mech fir meng Akaf fir e ganze Mount ze maachen, natierlech hunn ech virdrun all Coupon´en an all Reklammen akribesch zesumme gesicht fir dat Meescht un Iesswueren können ze kafen wat méiglech ass.

Leider ass et vun elo un esou dass den FNS eréischt de läschten Dag vum Mount de revenu pour personnes gravement handicapées ausbezillt an et dann un de Banke läit wéini si hiere Klient´en d´Suen gudd schreiwen, dat ka bis zu 2 Deeg daueren.

All déi handicapéiert Leit a Letzebuerg kréien also vun elo un den 2. vun all Mount hier Suen déi se soss emmer 2 Deeg éischter kritt hunn.

Munchereen kann elo soen dat ass dach egel, haaptsaach där kritt Är Suen mee wann engem de Mo vun Honger knurrt dann ass dat net einfach mol nach 2 laang Deeg ze waarden.

Wéi bei der Fleegeversecherung wou eeler Leit duerch d´Reform vum Här Schneider drastesch Aboussen hu missen hinhuelen gett och elo nach un den handicapéierte Leit gespuert.

Ech hunn haut missen mäi Fleegedingscht heem schecken well ech kee Su méi hunn fir mär Iessen ze kafen, heescht ech hu missen Bekannten uruffen fir mär den Owend eppes ze iessen laanscht ze brengen.

Sou geet et ville Leit an eisen räichen Letzebuerg, einfach nemmen fir ze kräischen.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.