Lieserbréif vum HolzwiermchenE puer Gedanken iwwert déi gréng Politik a wéi se sech entwéckelt huet

Däit deem „Déi Gréng“ mat an der Regierung sëtzen, beschäftigen ech mech mat hierer Entwécklung an muss do erstaunliches feststellen.

2015 hun si ee Managementplang vir de Wollef présentéiert, 2017 muss e schon ugewand gin. Waat mech bei der Wollefsgeschicht awer am meeschten stéiert ass, datt en den 15ten Juli 2017 optaucht, 8 Schoof räisst an rem verschwent. Kee gesäit en rem. Den 26ten Februar 2018, ganzer 7 Méint méi spéit gët da rem EE vun enger grousser Herd Schoof gerass. Leider kann een un Hand vun der DNA näicht feststellen mee et war en awer, seet den Här Schley a berout sech op Aussoen vun auslännischen Experten déi de Wollef op Grond vu FOTOEN vun de Bëssspueren wële verantwortlich maachen.

Laut Wikipedia (https://de.wikipedia.org/wiki/Wolf#Ernährung_und_Jagdweise) géif den Wollef, och wann en aleng kent, flüchtend Déieren räissen, och wann en se net all freesse géif oder kann. Wann een enger Herd Schoof nokuckt déi vun engem Hond gehetzt gin kann ee feststellen datt si net stoen bleiwen wann den Hond engt geholl huet.

Déi Punkten losse mech bëssen dorun zweiflen datt et sech wirklich em de Wollef handelt. Wou ass heen dann elo? Hott heen sech saat un deem läschte Schoof zu Fouhren gefreess a packt et 7 Méint bis en daat näechst räisst? Sin déi läscht Deeg a Wochen ähnlich Virfäll an der Groussrégioun gemellt gin? Och wann de Wollef op eng Nuecht grouss Distanzen zeréckléen kann kann et awer net sin datt en ënerwee näicht méi freesse muss.

Eng anner Saach sin déi Reportagen iwert de lëtzebuerger Bësch. Den 13ten Februar 2014 huet d’Madame Emweltminister Carole Dieschbourg zesummen mam Direkter vun der Naturverwaltung eng Konferenz gehaal wou se seet datt et dem lëtzebuerger Bësch schlecht geet an datt 70% vun de Bëscher dovu betraff sen. Den 12ten Abrëll 2018 schreiwt FSC, een Institut vir Zertifizéierung vun de Bëscher, datt eis Bëscher gesond sen. Wéi kann daat sen? Solle mer der Naturverwaltung félicitéieren datt si de Bësch sou séier rëm gesond kruuten? Oder ass ee vun deenen zwee um „Holzwee“? Kann een un Hand vun 1200 beem, déi 2013 enersicht goufen, feststellen datt et 70% vum lëtzebuerger Bësch krank ass?

An der Press gin déi läscht Wochen vill Artikelen publizéiert, déi Theme behandelen, déi deene Gringen an hiere Weeler um Moo leien z.Bsp. de Probleem vun de Mufflon’en an de Wonsch se ze éliminéieren. Dobäi huet Forstverwaltung resp. de Staat se an den 70er Joëren „ausgesaat“.

Oder déi „Onstëmmegkeeten“ an der Fédératioun vun de Jéer. Wann an iergendengem Duerfveräin de President oofgesaat get, da schreiwt keen dovun. Gin et awer Diskussiounen ënnert de Jéer, da get daat breet getrëppelt. Spillt daat deene Gringen vläicht an Kaarten? Hëleft daat vir méi Juegdgéigner ze  mobiliséieren an een Argument méi ze hun hannert deem een sech verstoppe kann wann een d’Juegd eng Kéier ganz verbitt?

Regierung schreiwt sech grouss op Broscht datt si déi éicht sen déi transparent schaffen an datt Vollék iwert alles an d’Bild gesaat gët. Hir Verwaltungen maachen daat awer net. Eng Verwaltung déi deene Gringen enerläit ass momentan am gang eng territorial Reform opzebauen. Déi läscht war 2009. Un sech näicht schlëmes De Probleem ass just datt déi Leit um Terrain, déi als éicht betraff sen, guer net mat agebonne sen. Déi kréien iergendwann eng Kaart dohi geluecht an dann heescht et: „Du bass lo zoustänneg vun do bis do.“

Mat dësem Bréif wollt ech d’Leit dobaussen just un déi Saachen erënneren déi dëst Joër schon zum Deel vun der Politik annecht erzeelt goufen wéi nach virun e puer Joër. Loosst Eech net uschmieren an iwerleet gudd wou der am Oktober äert Kräiz maacht.

Den Holzwiermchen

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.