Lieserbréif vum Fernando FerreiraD'Weesekand Schmäerztherapie zu Lëtzebuerg

Säit Joëren sinn ech Patient bei engem Schmäerztherapeut. Deslescht war ech e bësschen iwwerrascht datt hien mir matgedeelt huet datt d'Associatioun vun den Schmäerztherapeuten elo een Tarif fixéiert huet fir d'Consultatiounen vun den Schmäerztherapeuten, deen wahrscheinlech nët vun der Gesondheetskeess rembourséiert gët. Hien huet mir erkläert datt si deen Schratt hunn missen maachen well déi geréng Subsiden vum Gesondheetsministère (70000 Euro pro Joër fir e puer dausend betraffen Patienten) dëst Joer auslaafen, an d'Gesondheetskeess nach ëmmer keng Tariffer am Leeschtungskatalog festgesaat huet obwuel deen Dossier virun Joëren agereecht ginn ass. Ech kruut een Erklaerungsbréif an de Grapp gedréckt an deem ech gelies hunn wisou et zu dësem Schrëtt komm ass. Mir liicht et dann och an datt mäin Schmäerztherapeut deen sech vill Zäit fir mech hëlt net gratis schaffen kann. Doropshin hunn ech déi Rechnung ageschéckt an waarden elo zënter dem 6ten Abrëll op d'Aentwert ob meng Behandlungen an Zukunft iwwerholl ginn. Fir en éischten Rendez-vous muss een mëttlerweil 6 Méint waarden well et net genuch Schmäerztherapeuten gin, an well déi wéineg déi et ginn daat nëmmen niewenbäi kënnen maachen. Waehrend deenen laangen Méint kann den Wéi sech richteg festbäissen. Kann oder wëll d'Politik net verstoën waat et heescht moies opstoën mat Peng déi sech am Laaf vum Daag intensivéiert fier dann owes rem leien ze goen mat opmannst deemselwechten wann nit nach méi staarkem Wéi. Fënnt d'Politik et normal dass die betraffen Persounen Daag fier Daag Pëllen schlécken en masse just fier die Schmäerzen ze ënnerdrécken an halbwegs fonktionnel ze bleiwen. An daat just wëll se trotz hierem Wéi probéieren normal ze liewen! Wann een awer dann vun den Schmäerzthérapeuten erklärt kritt, dass et Behandlungsoptiounen gin déi wirksam sin, an d'Opnahm vun massenweisen Medikamenter kënnen reduzéieren an domadder och d'Folgeschied, gëtt daat Ganzt emsou méi onverständlich. Ausserdeem kann ech just bestätigen dass daat Personal, déi mech an die aaner Schmaerzpatienten behandelt hier Aarbëscht gewëssenhaft an mat ganz vill Engagement ausféieren. Elo froen ech mech wisou mir Schmäerzpatienten esou am Reen stoengeloosss gin ? Wisou ginn mir sou diskriminéiert , well mir net déi richteg Krankheet hunn ? Wisou ginn eist Leiden an d'Schmäerztherapie hei am Land net endlech unerkannt an eecht geholl ? Ass daat vlaicht wëll deem richtigen Politiker séng Mamm, sain Papp, Kand oder soss aaneren Familienmember nit betraff ass, an dowéinst keen dringenden Handlungsbedarf besteet? Madam Gesondheetsminister, Här Minister vun der Sécurité Sociale, Här President vun der Gesondheetskeess : dier kënnt mer gären eng valabel an begrënnten Erklärung zréckschreiwen falls der eng hudd. Falls och vlaicht aaner Schmäerzpatienten sech an dësem Bréif remfannen, kënnen se hier Meenung och dozou oofgin! Vlaicht äussert sech jo och deen een oder aaneren Medeziner zum Thema! Ech géif et just schlëmm fannen wann dëst heikelt Thema, daat bestëmmt eng grouss Unzuel vu Leit an der Gesellschafft betrëfft einfach ënnergruewen géif gin.

Fernando Ferreira
MERTZIG


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.