Lieserbréif vum Roby ZennerD’CNS : Ouni Häerz an ouni Verstand

Et ass wuel scho vill méi laang bekannt, datt d’Gesondheetskeess CNS hei am Land eng Machtpositioun huet, géint déi esouguer héichgestallte Politiker net ukommen.

Wat se sech awer elo där Deeg geleescht huet, dat geet net méi op di berühmte Kouhaut.

Zënter der Grëndung vum Roude Kräiz sengem „Centre de Réhabilitation“ am Schlass zu Colpech ass bis wäit iwwer d’Grenze vun eisem Land bekannt, mat wat fir enger fachlecher Kompetenz a besonnesch mat wéivill Léift di vill Patienten hei betreit ginn. An et war duerfir och net vun ongeféier, datt virun net all ze laanger Zäit säi Statut eropgesat an aktualiséiert ginn ass. Mee dat sollt net vu laanger Dauer sënn. Konnten d’Patienten am Ufank just dräi Wochen do versuergt ginn, sou huet bis elo d’Méiglechkeet bestanen, datt se op den Avis vum Dokter hi konnte verlängeren, wann et sech ëm méi schlëmm Fäll gehandelt huet.

Mee an enger „Nacht- und Nebelaktioun“ huet d‘ CNS en Dënsdeg, den 12. Juni 2018 d’Décisioun geholl, datt mat direkter Wierkung absolut keng Ausnam méi toleréiert gëtt, ob mat Avis vum Dokter oder net, dräi Wochen a keen eenzegen Dag méi laang. Hunn d’Dokteren dann elo guer näischt méi ze soen? Wat maachen dann di eeler Leit, déi kuerzerhand heem geschéckt ginn, och wann se do eleng sënn an sech nach net selwer kënnen hëllefen, ouni Rücksicht, ob se sech iewelhapt nach hëllefe kënnen? Gëlt dann elo nëmmen nach, wéi et mat Hiwäis op d‘Suen de fréieren däitsche Bundeskanzler Helmut Kohl emol gesot huet:“ Wichteg ist, was hinten heraus kommt.“

Esou eng schwéierwigend Décisioun ze huelen, ouni di schlëmm Konsequenzen ze bedenken, dat weist just puren Egoismus, ouni Häerz an ouni Verstand.

                                                                                                                Roby ZENNER 



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.