Lieserbréif vum Christopher LilybladFlüchtlingskris: Responsabilitéit erkennen a Sourcen, net Symptomer, cibléieren

Zu Recht ass an der leschter Woch vill iwwert d’Flüchtlingskris diskutéiert an debattéiert ginn, um Mini-Sommet, am EU Conseil, an der Press, an den soziale Medien an ënnert de Bierger selwer. Leider muss ee feststellen dass et zu enger grousser Spaltung komm ass, woubäi di zwou Säiten am Fong keng richteg Léisung op den Dësch bréngen.
Op der enger Säit huet een d’Realpolitiker. Déi sëtzen an den héije Gremien a gi vun enger ëmmer gréisserer, mee awer zum Deel nach schweigender Rietsbeweegung ënnerstëtzt fir méi Kontrollen anzeféieren a bestoend Grenzen zou ze maachen.
Op der anerer, Idealisten déi zwar haart jäize fir d'Flüchtlinge mat oppenen Äerm opzehuelen, déi awer och keng Majoritéit a kee Konsens fanne wäerten. Ech begréissen natierlech dëser Grupp hire moralesche Courage, mee eng Nohalteg Léisung wier et och net. Praktesch gesinn, géing dat zu nach méi Flüchtlingswelle bäiféieren an genau dat bléist deene Rietsbeweegungen och just nach méi Wand an d’Seegelen.
An eisen aktuellen demokratesche Systemer muss een nämlech mindestens esou realistesch si fir ze wëssen dass dat spéitstens beim nächste Wahlgang schif geet.
Mir brauchen also en drëtte Wee. An hei geet et drëms éischtens emol eis eege Responsabilitéit als Europäer ze erkennen. Et ass nämlech nach guer net esou laang hier dass déi Länner vun deenen des Flüchtlinge kommen ënnert europäescher kolonialer Administratioun waren. Effektiv, den Ofbau vun de Kolonien an de Mandatsstaaten huet eréischt nom 2. Weltkrich ugefaangen an ass eréischt an den 90er Joren zu Enn komm. Dat sougenannte Käreuropa, dorënner Fransousen, Belsch, Portugisen, Spuenier, Däitscher, Italiener, Britten, jo esouguer Lëtzebuerger, waren alleguer dobäi wéi mir eis d’Territoiren an d’Ressourcë vun der fréierer “drëtter Welt” ënnerteneen opgedeelt hunn.
Wat vun deem ganze Prozess bliwwen ass, sinn eng ganz Rei schwaach, fragil an zum Deel zerbrache Staaten déi nach d’Grenze vun de Kolonialmuechten erëmspigelen an am Fong guer näischt mat lokalen Identitéiten oder Sozialuerdnung virun den Europäer ze dinn hunn. Et ass jo dann och kee Wonner wann een an deene sougenannten National-Staaten keng integréiert Gesellschaft ze erkennen ass an och net grad d’Gouvernance eisen Normen entsprécht well ethnesch, kulturell a linguistesch Ënnerscheeder bannent de Staaten genau esou vill zu Konflikt bäidréit wéi tëschent de Staaten.
Dann kënnt och nach di ekonomesch Dimensioun dobäi. Am Sahel, zum Beispill, hunn di deemools nei gezeechent national Grenzen an d’wirtschaftlech Modernisatioun nom europäesche Modell deenen alen nomadesche Stämm eng sesshaft Liewensaart a -weis opgezwongen déi net un lokal Konditiounen ugepasst war. An de leschte Joerzéngten ass och vun der internationaler Communautéit, ënnert der Ideologie vun dem FMI, der World Bank an der US Treasury hirer “Washington Consensus”, eng Wirtschaftspolitik ëmgesat ginn déi jo bekannt ass fir hier extrem Austeritéit, Privatiséierung a Marchésliberaliséirung – an anere Wierder, Mesuren déi mir selwer heiheem nimools akzeptéiert hätten. Wann elo nach de Klimawandel, de jo awer haaptsächlech vum industrialiséierten Norden ze verantworten ass, dobäi kënnt, dann ass et sécherlech kee Wonner méi dass Leit et woe fir sech duerch d’Sahara an iwwert d’Mëttelmier ze kämpfen, just fir eng kleng Chance ze hunn e Stéck vun dem grousse Kuch dee mir hei mat hire Rohstoffer gebak hunn ofzeknabberen.
Wann déi Saach vun der Responsabilitéit elo mol gekläert ass, da kommen ech zum zweeten Deel. An deen heescht: d’Sourcën vun der Problematik adresséieren.
Bis ewell huet d’Politik, an dofir och eis Gesellschaft, sech bal exklusiv op d’Symptomer vun der Kris konzentréiert. Europäesch Baussegrenze sinn zou gemaach ginn. Den Europäesche Fonds Fiduciaire ass benotzt gi fir Grenzen an Afrika ze verdichten déi mir selwer geschafen hunn. An Entwécklungsgelder sinn bannent Europa genotzt gi fir Flüchtlingen ënnerdaach ze bréngen.
Verstitt mech net falsch, dass mir eis natierlech em des Leit an der Nout musse këmmeren ass evident, mee am Fong leien d’Sourcë vum Problem vill méi déif! Et ass an de lokale Communautéite wou Gemeinschafte musse vun ënnen erop opgebaut ginn. Et geet drëms nei Kader ze schafen an deem déifgrënneg Froen iwwert d’Gewaltsmonopoliséirung, sozioekonomesch Verhältnisser, an Identitéit a Legitimitéit nei opgeworf musse ginn an hoffentlech dann och anescht beäntwert ginn. Et mussen och villäicht Grenzen nei gezeechent, oder esouguer ausradéiert, ginn – net vun den Europäer, mee vun lokalen Autoritéiten selwer.
Vun der Perspektiv vun eiser ëmmer méi globaler Gesellschaft aus gesinn, musse mir bereet sinn eis Matmënschen an dem Prozess ze ënnerstëtzen an ze begleeden, awer och net just iwwert déi traditionell Weeër. Et geet net duer fir méi Geld an national Institutiounen a Strukturen ze investéieren déi vun Ufanks un hirer Aufgab net kënnen, an net wäerte, gerecht ginn. Mir brauchen eng ganz aner politesch, ekonomesch a sozial Opstellung vu Gesellschaften, an dat muss um lokalen Niveau ufänken, bei de Leit, a vun engem regionale Kader ënnerstëtzt ginn. Mir brauchen also op der enger Säit eng Entwécklungspolitik vun territorialer Dekonzentratioun an Dezentralisatioun an op der anerer och ëmmer méi Regionalisatioun.
Nëmmen esou kommen och di aner Kontinenter aus der Logik vun den Nationalstaaten am europäesche Modell vum 19. Joerhonnert eraus, wat bekannterweis bei eis jo och net geklappt huet – nee, ganz am Géigendeel, dee System huet zu zwee Weltkricher gefouert!

Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.