Lieserbréif vum Jean-Jacques ToussaintWalen a Parteien

Bei de Walen hu mir Leit aus verschidde Beruff’sgruppen déi duerfe Wielen goen. Et sinn ënnert anerem d’Staatsbeamten, de Privatsecteur, d’Fräi Beruffer, d’Pensionären, déi Jonk déi Studéieren, asw.

Wann een de Privatsecteur kuckt, esou ass dee ganz wéineg fir net ze soen guer net an der Chamber representéiert.

Wann ech déi richteg Presse gekuckt a richteg verstan hunn, dann hunn 2017, Ufanks 2018 all déi « méi grouss » Parteien sech géint all Augmentatioun beim Staat ausgeschwat a fir eng méi no Upassung un de Privatsecteur gefuerdert. Em sou Erstaunlech ass et dass All déi 60 Deputéiert fir eng Augmentatioun beim Staat gestëmmt hunn. Dat kann ech zwar verstoen, profitéieren déi 60 Deputéiert an d’Regierung net och vun dëser Augmentatioun?. Suergt een nët fir d’eischt fir sech a géing een deen Aascht of seeën op deem een sëtz?

Zou e puer Parteien

Huet no ronn 30 Joer an der Regierung, d’CSV missen an d’Oppositioun kommen fir fest ze stellen wat Sie alles net oder net gutt gemaach haten, wou Lëtzebuerg Strofen un d’EU muss bezuelen well Sie z.B. d’Kläranlagen ze erneieren verschlof haten oder guer net gebaut haten, dass eis Infrastrukturen dem Wuesstem net Ugepasst gi sinn, Transport méisseg mer net méi viru kommen an am Stau stinn, net genuch an ze deier Wunnengen hunn, asw?  Dat soll elo Alles besser ginn. Nach net aus der Oppositioun eraus a schonn mengt d’CSV et misst een eppes un de Pensiounen am Privatsecteur änneren. Vun de Staatsbeamten hirer Pensioun ass keng Riets, dat traut een sech net. Et geet een sech schliisslech net selwer eppes vun senger klenger Pensioun vun € 5.000 - € 9.000 e weg huelen. Et brauch ee schliisslech e gewëssene Liewensstandard. Léiwer dënnen mat € 2.000 - € 4.000 eppes e weg huelen. Wat maachen déi schliisslech mat esou vill Pensioun?

Huet no méi ewéi 10 Joer an der Regierung, d’LSAP eréischt déi lescht Méint festgestallt dass eisen Sozial System an deenen leschten 10 Joer op Käschten vum schafende Vollek, Pensionäre, Kranken an Eelere Leit ferm zeréck gaang ass awer d’Gesondheetskees « CNS » dank deenen LSAP Ministeren Bénéfice konnt geschriwwe ginn? Jo, muss d’Voillek net vill méi an den Apdikten, Dokteren, asw aus eegener Täsch bezuelen? Da muss jo schliisslech een de Gewënner sinn an ee positiven Bilan presentéieren kënnen. Komesch dass ee nie eppes vun der Staatsbeamten Gesonheetskees « CCMFEP » héiert. Better an de Kliniken sinn a ginn weider ofgebaut trotz ëmmer méi Résidanten an Frontalieren déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, asw. Och bei den Entloossungen no 52 Woche Krankmeldungen op 2 Joer huet d’LSAP et verpasst eng Aarbechterwürdeg Ofsécherung Spréch d’Gläichheet tëscht Staatsssecteur a Privatsecteur hierzestellen a krut dobäi, bei der Eropsetzung op 78  Wochen och nach gréng Luucht vun dem OGBL fir esou een faulen Kompromëss. Jo a schwieregen Situatiounen muss een sech op d’Famill verloosse kënnen.

Huet DP net dervu profitéiert, fir verschiddene Politiker aus där Partei hier eegen Interessen duerch ze boxen z.B ofschafen vum Kathouleschen Reliounsunterrecht an dem Laien Unterrecht an de Schoulen, Ofschafen vun fräien Deeg an de Schoulen a Butteker op am Zesummenhang mat Kathouleschen Fester a Kathoulesche Feierdeeg, asw?

Hunn Déi Gréng net schnell geléiert dass et sech besser Lieft wann ee mam Smoking um Vëlo fure kann a mam Klimatiséierten Auto bei 30° Grad am Stau steet, anstatt d’Beem ze schützen an deem’s een sech an der Keelt mat laangen Hoer a laangem Bart misst un déi Beem hänken déi een wann een an der Regierung ass dann ouni Bedenken Ëmheet?

Ass d’ADR net ëmmer fir e bësselche Personal Chaos oder Plakate Kuddelmuddel gutt? Ass et net awer déi eenzeg Partei déi sech an hiren Inhalter ëmmer Tréi bliwwen ass? Dat hängt villäicht dervun of dass Sie nach ëmmer an der Oppositioun sinn. All déi aner grouss Partien hunn déi Punkten déi d’Vollek bedrécken méi oder wéineger opgeholl oder iwwerholl. Déi Aner all sinn elo Gréng, si fir Lëtzebuergesch. Wuesstem, bëlleg Wunnengen, Ëffentlechen Transport, asw, asw.

Jo, och wann nett alles jidderengem gefält, mir och net, esou ass an deenen 5 leschten Joer Gambia méi geschitt ewéi an deenen virechten 30 Joer. Dass een an esou kuerzer Zäit net alles verbessere kann schéngt mir logesch. Bravo!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.