Lieserbréif vum Paul HeinenWie vertrëtt an d‘Zukunft d’Intressen vum Natur- a Landschaftsschutz ?

© RTL Télé Lëtzebuerg

De véierte September si mer am Owesjournal op RTL am Kader vun engem Bilan am Beräich Ëmweltpolitik gewuer ginn, dat an de leschte Joren den Ausbau vun der Wandenergie verdräifacht gouf par rapport zu der viregter Legislaturperiod. Fir dës freedeg Nouvelle ze illustréieren gouf eng Opnam vun enger Landschaft ageblent (Bild uewen). Ass déi gewisen Zerstéierung vum Landschaftsbild duerch disproportionéiert Industrieanlagen, bei där een als Naturfrënd éischter schockéiert ass, wierklech eng erstriewenswäert Perspektiv ? Ass et wierklech wënschenswäert, dat bei deem vun der Rifkin-Strategie virgezeechenten Ausbau, eist Land flächendeckend esou ausgesäit ?

D’Wandenergie sollt jo en Instrument sinn fir bestëmmten Ziler ze erreechen, ewéi z.B. d‘energetesch Onofhängegkeet vu konventionellen Energiequellen oder de Klimaschutz. An dëm Bilan vum 4. September gëtt awer d’Instrument selwer zum Zil erhuewen. An dat obwuel seng Ineffikassitéit fir d’Erreeche vun den eigentlechen Ziler an der Praxis ëmmer méi däitlech gëtt, an d‘Wandindustrie am Fong just nach duerch politesch Ënnerstëtzung an eng héich Subventionéierung plangwirtschaftlech um Liewe gehale gëtt.

Och den 20. September koum am Owesjournal en ähnleche Bilan, wou just Riets geet iwwer gefuerdert Ausbauziler, ouni awer ze soen, wat den eigentleche Sënn vun dësem Ausbau nach ass.

Eng ganz Rei vun Argumenter, déi d’Problemer an d’Ineffikassitéit vun der Wandenergie illustréieren a beleeën, sinn am Kader vun engem RTL-Reportage zu Fëschbech den 23. Juli ugeschnidde ginn, a waren och Thema vu Lieserbréiwer op rtl.lu de 24. Juli an de 4. September. Fir dëse Reportage gouf RTL e graffe Plausibilitéits-Check iwwer den Interêt général vun der Wandenergie virgeluecht (Link op de PDF), mat deem och eng Bedreiwerfirma vu Wandanlagen konfrontéiert gouf, fir hinnen d’Méiglechkeet fir eng Géigenduerstellung ze ginn.

Interessant an deem Reportage ass d’Qualitéit vun der Reaktioun vum Bedreiwer. De Problem vun der héijer Volatilitéit an der inexistenter Versuergungssécherheet kann ee mëttlerweil net méi verstoppen. Hei gëtt et konkret verëffentlecht Auswäertungen vun der europawäiter Wandstroumaspeisung an d‘Netz, déi dat beleeën. Dat war an der Reaktioun vum Bedreiwer dowéinst och kee grousst Thema. Dofir ass et onverständlech, dat awer ëmmer nees versicht gëtt eng Akzeptanz ze schafen mat dem falschen Argument vun der Alternativ zu den grondlaaschtfäegen Kraaftwierker, an ze suggeréieren, dat Dierfer oder esouguer Regiounen deelweis oder quasi ganz autonom mat volatillem Stroum kéinte „versuergt“ ginn.

Och de Versuch fir d‘Wandstroumproduktioun mat bestëmmte Vergläicher grouss wierken ze loossen, obschonn se objektiv vum Volume hir am globale Kontext marginal ass, weist wéi ee mat Zuele spille kann:

·        D’Produktioun gëtt vum Bedreiwer ausgedréckt duerch d’Stroumconsommatioun vun enger bestëmmter Zuel vun Haushälter. Dëse Vergläichswäert, dee just 14% vun der gesamter Stroumconsommatioun respektiv 2% vum gesamten Energieverbrauch duerstellt, ass awer arbiträr. Fir wat gëtt net z.B. d’Stroumconsommatioun vun der Industrie, oder déi gesamten national Stroumconsommatioun als Referenz geholl ? Fir wat gëtt sech net verglach mat dem Endenergieverbrauch, dee bei den Ausbauziler fir alternativ Energien deen eenzegen offiziellen an objektiven Referenzwäert duerstellt ? Wann déi gefuerdert Sektorenkopplung kënnt mat z.B. verstäerkter Elektromobilitéit déi de Pëtrol ersetze soll, oder z.B. dem sougenannten Power to heat, da vermësche sech d‘Secteuren Stroum, Wäermt an Transport souwisou ; haut läit de Bäitrag vun der Wandenergie zu Lëtzebuerg bei e puer Promill vum Endenergieverbrauch, a kann och zukünfteg wéinst physikalesche Grenzen net iwwer e puer Prozent um Lëtzebuerger Territoire erauskommen.

·         De Bäitrag vun engem eenzelen Projet ewéi deen zu Miersch gëtt och net an de ganze Kontext gesat, mä nëmmen als Undeel vun der eegener spezifescher Wandstroumproduktioun duergestallt.

D’Bedreiwer hu mëttlerweil erkannt, dat Kuerzzäitspäicher mat limitéierter Kapassitéit ewéi Pompspäicher oder Akkuen an der Diskussioun iwwer Energiespäicher net méi haltbar sinn, well fir d’Opfänken vun dem volatile Wandstroum Laangzäitspäicher a groussem Ëmfang gebraucht ginn. Hei schwätzen d’Bedreiwer da vun der Technik vum Power to Gas. Ëffentlech Organismen an technesch Fachverbänn ewéi z.B. d’Deutsche Energie-Agentur oder de VGB soen awer kloer an däitlech, dat et fir eng Späicherung vum Wandstroum am néidegen Ëmfang iwwer Power to Gas och laangfristeg weder eng wirtschaftlech, nach eng grousstechnesch Perspektiv gëtt. Dat sinn op d’mannst zwee KO-Facteuren ze vill.

Beim Thema Klimaschutz gräift de Bedreiwer ëmmer nach op déi vereinfacht Vergläicher zréck, no deenen produzéiert Gigawattstonnen direkt an agespuerten Tonnen CO2 ëmgerechent ginn, ouni de reellen ekonomeschen an technesche Wiesselwierkungen Rechnung ze droen.

Zu dem héije Ressourceverbrauch vu Metaller a Mineralien mat deelweis groussen Ëmweltproblemer an de Produktiounslänner, an zu den héije Käschten, déi een z.B. an Däitschland oder Dänemark gesäit, gouf et iwwerhaapt keng Reaktioun. Ginn hei enger Industrie d’Argumenter aus ?

Wier et do net un der Zäit, dat d’Medien nohaken ? Um Virowend vum internationalen Dag vun der Pressefräiheet dëst Joer waren an engem Interview op RTL mat der Präsidentin vum Presserot folgend Wieder ze héieren :  „Medien sollen e Waachhond sinn, si sollen hannerfroen a Mëssstänn opdecken.“

Am Beräich vun der Wandenergie wier hei e grousst Feld ze beakeren. Op wat waarden d’Journalisten ?

Verléiert eng Politik déi d’Wandenergie promouvéiert net all Glafwierdegkeet, wann déi dokumentéiert Argumenter einfach ignoréiert a net Punkt fir Punkt kënne widderluecht ginn, ier e weideren Ausbau der Bevëlkerung imposéiert gëtt ? D’Vertrieder vun der Gemeng Fëschbech hu sech an deem Kontext majoritär an enger Décision de principe den 30. Januar 2018 fir d’Erhalen vun der Liewensqualitéit, vun der Natur an der Landschaft ausgeschwat, an hunn deemno géint den aktuellen Mierscher Projet am Besonneschen an den Ausbau vun der Wandenergie allgemeng gestëmmt, deen héich Impakter mat sech bréngt an haaptsächlech Partikularintressen zerwéiert.

No dem Reportage vum 23. Juli huet sech d’Sektioun Miersch vum Mouveco den 31. Juli awer an engem Communiqué op rtl.lu hanner de Projet vun der Wandindustriezon Miersch gestallt, obwuel hei ënner anerem eng Natura 2000 Zon betraff ass. Mä och de Mouveco Miersch hat keng konkret Argumenter. Standartformuléierungen am Sënn vun "Wandenergie produzéiert grénge Stroum, a mir mussen eise Bäitrag leeschten", ouni och nëmmen ee fundéiert an objektiivt Argument virzebréngen, ginn haut net méi duer, wann een an der Praxis ganz kloer d'Problemer duerch d‘Wandenergie virun Aen huet.

Wéi een a verschiddene Commentaire ka gesinn, bleift dacks nëmmen d'NIMBY-Polemik, wann engem d‘Argumenter ausginn oder wann een d’Bevëlkerung splécke wëllt. Mä, et muss een ëmmer bei engem konkrete Projet ufänken. A wann een d’Sënnlosegkeet an d’Nuisancen vun der Wandenergie gesäit, ass et do net méi wéi normal, dat een och déi eegen Heemecht, de Liewensraum an d’Gesondheet vu senger Famill verdeedegt?

Wann een da méi wäit iwwer de Mierscher Tellerrand erauskuckt, gesäit een z.B. Richtung Osten an anere Gemengen matzen am Naturpark Mëllerdall iwwer eng hallef Dose Projeten vu Wandindustriezonen, wou nach de 24. Mee dëst Joer den Direkter vum Naturpark an engem Interview op radio100,7 sot, „D’Zil vun engem Naturpark ass et, d’Landschaft ze schützen an ze erhalen“. Verléiert de Naturpark do net seng Basis, wann déi betraffe Gemenge sech op de Wandbusiness aloossen ? Op d’Lokalekonomie dovu profitéiert, wann Touristen duerch 200 Meter héich Industrieanlagen matzen an enger virdrun wonnerschéiner Landschaft ofgeschreckt ginn ? Och eng aktuell geplangte Wandindustriezon am Süde vum Land, déi op en hallwe Kilometer u Wunnquartieren erukënnt weist, dat de Mënsch an déi allgemeng Liewensqualitéit hei net méi am Mëttelpunkt stinn. Wat bréngt also d’NIMBY-Polemik an enger seriéiser Diskussioun mat techneschen an iwwergeuerdenten Argumenter, a wat bréngt se, wann et souwisou dorop erausleeft, dat an e puer Joer potenziell all Regiounen am Land betraff sinn. Da gëtt et keng eenzel Affer méi, mä dann ass quasi jiddereen betraff. Ouni Solidaritéit an der Bevëlkerung läit d’Kand dann awer am Pëtz.

Et kënnt een net méi derlaanscht sech sachlech mat den techneschen, ekologeschen, ekonomeschen a soziale Problemer auserneenzesetzen, déi z.B. an Däitschland eng grouss Populatioun betreffen, déi an iwwer 800 Biergerinitiativen versichen op d‘Mëssstänn opmierksam ze maachen.

Wat erschreckend ass :  sämtlech Problematiken, déi d’Wandenergie betreffen, si säit laange Jore bekannt. Dëst gëtt z.B. dokumentéiert am sougenannten „Darmstädter Manifest“ (Link op de PDF), wou iwwer honnert däitsch Wëssenschaftler, Héichschoulprofesseren a Schrëftsteller sech un d’Politik wenden. Se setze sech an fir den Erhalt vu Natur a Landschaft, a warnen virun dem Ausbau vun der Wandenergie. Dësen Text ass elo ganzer 20 Joer al an huet näischt un Aktualitéit verluer.

Zënterhier huet sech d’öko-industriell Lobby an Däitschland duerchgesat. Den Ausbau ass mat ronn 30.000 Wandanlagen, déi et all zesummen awer nëmmen op ronn 3% Undeel am gesamten Energieverbrauch packen, elo fënnefmol esou héich. Haut gesäit d‘Situatioun an Däitschland folgendermoossen aus :

·         Duerch déi héich Volatilitéit vum Wandstroum musse quasi 100% vun de konventionelle Kraaftwierker um Netz bleiwen. Doduerch kritt ee just en duebele System mat zousätzlechen Impakter, zousätzlechem Ressourcëverbrauch, zousätzlechen Ofhängegkeeten an zousätzleche Käschten. Déi wäitverbreeten falsch Meenung, dat een duerch e méiglechst héijen a geographesch verdeelten Ausbau vu Wandanlagen d’Stroumproduktioun verstetege kann, war nach ëmmer e gutt Verkafsargument vun der Wandindustrie, mä ass leider am Widdersproch mat de globalen meteorologeschen Verhältnesser an de Gesetzer vun der Stochastik, an ass haut definitiv op Basis vu miessbaren Donnéeën vum agespeiste Wandstroum an Däitschland respektiv an Europa widderluecht (VGB-Etüd :  Windenergie in Deutschland und Europa) ;

·         Subventionéiert Wandenergie verhënnert keng CO2 Emissiounen am Kontext vum Handel mat Emissiounszertifikater, se mécht de Klimaschutz just méi deier ; mat begrenzte finanzielle Mëttele kéint ee méi mat Moossnamen erreechen, déi méi niddreg CO2 Vermeidungskäschten hunn. Emissiounszertifikater, déi elo net méi an Däitschland gebraucht ginn, kënnen an aner Länner verkaf ginn, wou dee Moment den CO2 weider emittéiert, also just verlagert gëtt ; trotzdeem gëtt nach ëmmer fälschlecherweis bei all Projet d’Stroumproduktioun gläichgestallt mat zeg Tonnen „agespuertem“ CO2 ;

·         Wandenergie provozéiert zousätzlech Emissiounen, well déi konventionell Kraaftwierker, déi d'Volatilitéit vum Wandstroum ausgläichen mussen (Residuallaascht), gezwonge ginn am Stop&Go Betrib mat engem niddrege Wierkungsgrad ze schaffen ; volatil Stroumaspeisungen sinn also total kontraproduktiv fir de Klimaschutz ;

·         Och wann an Däitschland duerch de Wandstroum z.B e gewësse Volume Gas manner importéiert a verstroumt gëtt, heescht dat nach net dat CO2 agespuert gëtt, well dee Volume Gas dann eben an en anert Land op der Welt ka verkaf ginn. D'Quantitéit CO2 déi an d'Loft geblose gëtt ass net ofhängeg vun der Consommatioun vun engem eenzele Land, mä ofhängeg vun der Quantitéit vu fossille Brennstoffer, déi e Produzent aus dem Buedem eraushëlt. Wann z.B. Russland manner Gas an Europa verkeeft, sicht et sech nei Mäert an Asien. De positiven Impakt op d’Weltklima ass dee Moment gläich Null. Déi däitsch Landschaften a Bëscher gi fir näischt geaffert, an och all déi aner negativ Impakter ginn esou fir näischt a Kaf geholl ;

·         „Der Wind schickt keine Rechnung“ ass esou zimlech dat eenzegt Verspriechen, dat d’Wandindustrie konnt anhalen, well an Däitschland sinn et nach ëmmer de Netzbedreiwer an de Stroumliwwerant, déi d‘Rechnungen schreiwen ; mat de volatillen Energiequellen hu sech d’Stroumkäschten duerch Subsiden, Netzausbau an Netzstabiliséierungsmoossnamen verduebelt, a fir Experten wéi zum Beispill d’Deutsche Energie-Agentur wäerten d’Käschten bis 2050 nach massiv wuessen ; esou kruten déi lescht Joren reegelméisseg e puer honnertdausend Haushälter de Stroum gespaart well se d’Rechnung net méi bezuele kënnen ; wisou gëtt dës Energie vu lénker Politik ënnerstëtzt, wann an der Praxis Beneficer privatiséiert a Käschte sozialiséiert ginn, an de Räichtum vun ënne no uewen ëmverdeelt gëtt ?

·         D’Flächeverfügbarkeet fir e weideren Ausbau ass esou kleng, dat elo ëmmer méi Bëscher ofgeholzt ginn, fir Wandanlagen opzeriichten ;

·         Den Impakt duerch Infraschall ass entretemps medezinesch erkannt, an an der Praxis duerch déi héich Zuel vu betraffene Leit net méi ze verstoppen. Wisou stécht d’Politik de Kapp an de Sand a geneemegt Projeten op Basis vu vereelzte Normen am Schallberäich, déi och zu Lëtzebuerg applizéiert ginn, an aus guddem Grond net aktualiséiert ginn ?

Wann Organisatiounen a politesch Formatiounen, déi sech eigentlech zum Zil gesat hunn Mënsch, Natur a Landschaft ze schützen, sech awer dëse rationalen Erkenntnesser verschléissen an d‘Wandindustrie ondifferenzéiert ënnerstëtzen, maache se sech dann net selwer zum Porte-parole vun engem Business, deen éischter kommerziell Ziler verfollegt, a vun der Ideologie a mangelnder technescher Sachkenntnes profitéiert ? An deem Fall brauch een och net verwonnert ze sinn, wann een hei am Land laanscht d’Stroossen d’Reklammsplakater vun der Wandindustrie gesäit mat dem Werbeslogan „Eng Ekonomie déi dréint“. D‘Ëmweltaktivisten si generell gesinn sécher éierlech, an am gudde Glawe bereet, an enger Aart "Selbstopfer" hir Landschaften a Bëscher ze afferen fir d'Weltklima ze retten. De positiven Afloss vun der Wandenergie an Europa, Däitschland oder zu Lëtzebuerg op d'Schicksal vun eisem Planéit kann awer, wéi een an der Praxis gesäit, nëmme schwéierlech nogewise ginn.

D'Nuisancen gesäit een an der Praxis awer direkt :  esou huet z.B. natur&ëmwelt a.s.b.l. kierzlech op Konflikter tëschent Klimaschutz an Naturschutz higewisen, wéi an enger Wandindustriezon am Norden vum Land d’Iwwerreschter vun engem futtigeschloene Routmilan fonnt goufen. Dës Industrieanlagen goufen ouni Récksiicht op e grousst Bruttgebitt autoriséiert an opgeriicht. Déi reell Zuel vun zerschredderte Vigel ass nëmme schwéier ze schätzen, well dës direkt vun aneren Déiere gefriess ginn. natur&ëmwelt huet an engem Bréif un de Wirtschaftsminister, d‘Ëmweltministesch an de Bedreiwer gefuerdert, dat d'Anlagen wärend der Bruttzäit tëschent Mäerz an August komplett ofgeschalt ginn. Gesäit een hei net d’Absurditéit vun dëser Ëmweltpolitik a hirem ganzen Ausmooss ?

Den „Darmstädter Manifest“ ass e wichtegen historeschen Zeien, well en androcksvoll veranschaulecht, wéi staark den Afloss vun Industrielobbyen ka sinn. An Däitschland konnt d’Politik dem Drock vun der öko-industrieller Lobby manifestement net standhalen.

Wéi geet et elo an d’Zukunft zu Lëtzebuerg weider ? Bis ewell ass déi schläichend Industrialiséierung vun de Gréngzonen, déi an de leschte Joren nach relativ moderat war, op kee gréissere Widderstand gestouss. Wann d’Akzeptanz vun de Leit am Allgemengen − an de Naturschützer oder dem Wielervollek am Besonneschen − net méi matspillt, muss dat awer net zwangsleefeg esou bleiwen.

Esoulaang wéi d'Bevëlkerung sech awer net réiert a sech seet, dat ee souwisou näischt ka maachen, esoulaang d’Bevëlkerung sech duerch d‘NIMBY-Polemik splécke léist, esoulaang ewéi an de Medien d'Problematik villfach ignoréiert gëtt an doduerch den Androck entsteet et wier jo alles an der Rei, esoulaang dëse Sujet net a politeschen Debaten objektiv diskutéiert gëtt mat fundéierten techneschen Argumenter ouni Ideologie, esoulaang kann all eenzele Projet duerchgezu ginn.

Wandenergie ass awer keng Fatalitéit. Vläicht gi mer bis Mëtt Oktober jo nach gewuer wien effektiv gewëllt ass an Zukunft Wäerter ewéi Liewensqualitéit, Naturschutz a Landschaftsschutz ze vertrieden − ouni falsch Propaganda an ouni dat ze zerstéieren, wat mer eigentlech schütze wollten.

Weider Informatiounen iwwer d’Wandenergie fënnt een och op acfischbach.lu.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.