Brauche mir en neie Fussballstadion? Nee, mee e Vëlodrom!

Emweltkatastroph: Outlet-Football-Stadion an der Pampa zu Léiweng!, dofir: Baut endlech Lëtzebuerg mol én Vélodrome?

Ech froe mech op verschidden Politiker hei am Grand-Duché nach richteg ticken?

Beispiller gefällegst: Déportatioun vun eiser göllene Fra, déi mat Spendengelder vum Vollek opgericht gin ass, an China (Shanghai).

Neie Football-Stadion mat engem Centre commercial soll matten an Pampa zu Léiweng, niewend Autobunn gesaat gin?

Gehéiert én Stadion dann nët an Haptstadt?

Soss geng dén och gudd, niewend dem Ikea bei Sterpenech, op lëtzebuerger Seit, stoën! Nom Miwwelakaf gin mir dann op den Fussball.

Akafszentrum zu Wickréng, trotz engem neien Auchan am Gasperecher Bann.

An wat machen mir dann mat eisem neien Stadion op der Areler Stroos (erecht restauréiert virun 20 Joer)?

Also wann no der Leschtong vun eisen Footballkicker décidéiert geng gin, dann wär den Stadion op der Areler Stroos nach ze gud!

Ma ech froen mech just bei denen villen krisengebeutelten Haushaltkéssen, vun wou dann do den Client nach soll hirkommen?

En plus get erem souvill gud Ackerland zoubetonéiert (an engem Iwerschwemmungsgebidd, dat as mega gescheit), Zufahrtsstroossen gebaut, zousätzlechen Verkéier geschaff, an dat och nach a Krisenzeiten.

Eist ganz schéint Lëtzebuerg get lues a lues zu enger enzeger Agglomératioun vun Wunn-Geschäfts-Handels- an Industriezonen mat Stroossen an Verkéier. Liewensqualitéit servus!

Jo dat mussen mir fir eisen Liewensstandard ze haalen, soen eis Hären Politiker dann. Awer nët zu welchem Preis! As do net manner Wuestum, vlät méi!?

Dat do alles hält trotzdem kén Lëtzebuerger dovun of, awer weider op Tréier akafen ze gon, wéll dat ganz aner Ursachen huet, wéi just Offer.
Dat huet mat Service an der Frëndlechkét, mat dem Charme vun enger aaler Stad an mat " en français s.v.pl.", pardon "auf deutsch, bitte" zu din!

Wann dir iech onbedengt musst Denkmaler oprichten léiw Politiker, dann man ech iech folgend Propose:

Baut eisen Cyclisten endlech én uerdentlechen Vélodrome den sech weise lisst, worop sie schon lang warden an schon lang vertréischt gin!

Dat wat mir schon zu Tramszeiten haten, feelt schon lang, an eiser Sportsinfrastruktur hei am Land. Sin mir nët méi arm gin, apropos Infrastrukturen? Fir den öffentlëchen Transport an den Cyclissem trëfft dat zu 100% zou!

Do ass bis lo just versprach an geplangt gin, an neicht ass geschitt!

En uerdentlechen Vélodrome fir eis top Cyclisten, wär én würdegt Denkmal fir den Här Politiker, wou sech dofir geng asetzen!

Eis Cyclisten hätten et einfach verdéngt!

Wann vun Lëtzebuerg an der Welt geschwat get, as et bestëmmt net durch den lëtzebuerger Foussball !

Mais könnt mol méi wéi sëcher durch den Cyclissem sin!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.