Lieserbréif vum Philippe Hoffmann et al.Wéi wäit geet den (gewerkschaftlechen) Engagement

De Prësident vun enger bekannter a geschichtsträchteger Gewerkschaft aus dëm öffentleche Secteur haat a sénger Ried vum 1. Mee 2016, vun där iwwregens en Auszuch an enger grousser Dageszeitung vum 19. Mee 2016 oofgedréckt wor, behaapt, Zitat „Gewerkschaftsaarbecht ass ën Engagement!“. 

Um Fong vun där Ausso kann een dësem Spëtzegewerkschafter wuel kaum widerspriechen, ma leider spigelt dës Ausso kengesfalls déi reell Situatioun innerhalb vun enger Rei vu Gewerkschaften, respektiv beim Personal an de Betriiber, a méi genee un der Basis beim Salariat erëm.

Ëmmer méi oft héiert een vun engem immense Vakuum tëscht der Basis an de Gewerkschaftsspëtzten, engem reelle Malaise.

Datt een hautdesdags d’Leit nëmme méi schwéier dozou beweegt kritt sech gewerkschaftlechen Aktiounen unzeschléissen, hängt nët onweesentleg matt där Resignatioun an deem Vertrauensverloscht vum Salariat vis-à-vis vu sénge Gewerkschaften zesummen.

Säit enger ganzer Rei vu Joëren ass festzestellen, datt d’Gewerkschaften bei wäitem nët méi dee Stellewärt hunn, deen se eemol haaten. An daat ass dramatësch.

Matt engem konkrete Beispill ënnert villen wëlle mir dës Behaaptung illustréieren.

Wéi de 24. März 2015 deen dach schonn historësche Gesetzestext zu der Reform vum Statut an de Gehälter an der Fonction Publique vun de Volléksvertrieder am Parlament gutt geheescht gouf, wor vu Säiten vun dën traditionelle Gewerkschaften ausser liichtem Gedäisch nët ganz vill ze héieren. Formal huet een d’CGFP an hiert Exclusiv-Verhandlungsrecht schonn a Fro gestallt, an awer gëtt ee bis zum heitegen Daag d’Gefill nët lass, wéi wa sech hannert de Kulissen trotz allem nach ëmmer kräfteg géigesäiteg op d’Schëller geklappt géif ginn, an deen een oder aaneren esouguer ferrem stolz op daat  erreechtent Resultat wär.

Och déi eng oder aner bekannt Gewerkschaftsorganisatiounen, déi eng Rëtsch Leit aus dëm öffentlechen Déngscht vertrieden, haaten hier Memberen de 24. März 2015 NËT aktiv dozou opgeruff, sech un enger grousser Protestmanifestatioun géint dës Reform an der Fonction Publique um Datum vun der Oofstëmmung ze bedeelegen.

Dës Manif wor séngerzäit vum Beruffsverband vun de Sozialpädagogen –APEG – an där deemools nei gegrënnter Gewerkschaft vun de Chargés de cours’en am Secondaire – ACEN – an Zesummenaarbecht matt enger Rei vun aaneren Organisatiounen déi sech vir verschidde Personalkategorien am öffentlechen Déngscht asätzen, organiséiert ginn. Dës Protestaktioun huet wéi schon erwähnt um Daag selwer vun der Oofstëmmung am Parlament stattfonnt an haat e breeden Echo an de Medien.  

Eng Manifestatioun vun där och d’CGFP sech, wéi kéint ët anëscht sinn, am Viirfeld distanzéiert haat.

Sämtleg Gewerkschaften aus der Fonction Publique woren deemools dozou opgeruff, sech um Daag selwer solidarësch zesummen ze schléissen, nom Motto zesumme staark géint eng Reform déi op déi do Manéier keen esou richteg wëll. E puer Dausend Leit woren dann och komm, vir virun der Chamber ze manifestéieren an daat hu se och gemeet, matt vill Gepäifs a Gejäitz.

Trotz dëm Boykott vu CGFP a compagnie wor ët e staarke Message vu Solidaritéit un d’Politik. De Boykott vun där CGFP a nach aanere Gewerkschaften aus dëm öffentlechen Déngscht wor dogéint éischter e bedauernswerte Message vu falscher Solidaritéit, wäit eweg vun deene concernéierte Leit um Terrain.

Esou koum ët dann och, datt ënnert ville Betraffenen d’Verwonnerung grouss wor, datt grad verschidden traditionnell Eisebunner-, Fonctionnaire’s- an Employé‘s-Vertriedungen sech nët offiziell un där Manifestatioun bedeelegt hunn. Sie hunn hier Memberen nët dozou motivéiert, vir sech op deem Daag op de Krautmaart ze beweegen.

Dëst ass alt esou zur Kenntnis geholl ginn, dont acte.

Réckbléckend kritt d’Erënnerung un deen Daag awer eng méi oder manner absurd Tournure, wann ee bedenkt datt ët op eemol awer justement déi Organisatioune woren, déi zesummen matt OGBL an LCGB hir Memberen a Militanten dozou opgeruff hunn, sech de 4. Juni 2016 massiv un enger Protestaktioun ze bedeelegen, wou ët ëm d’Ëmsetzung vu grad där Reform am Gesondheets- a Sozialsecteur goung.

A Schrëftstécker un d’Memberen gouf op eemol vun déiwe Spueren geschwaat, déi dës Reform géif hannerloossen. Ah bon?

Déi eng oder aaner vun dësen Organisatiounen ass dann och am Gesondheets- a Sozialsecteur als Gewerkschaft wéineg bis guer nët vertrueden.

Daat ass och wuel de Grond, firwaat sech verständlecherweis vill „Léséierter“ aus dëm öffentlechen Déngscht op eemol gefroot hunn, wouvir sie dann elo op eemol sollen op d’Strooss goën vir d’Personal aus dëm Gesondheets- a Sozialsecteur wann eppes méi ewéi e Joër virdrun, de Protest vun hiirer eegener Gewerkschaft bei genee deem selwechten Thema éischter manner bis guer nët ze héiere wor.

Zum jëtzegen Zäitpunkt, wou déi Reform an engem Deel vun de Secteur’en scho quasi integral ëmgesaat ginn ass, posaunen déi selwecht Gewerkschaftsvertrieder dann elo déck Téin eraus.

Mëttlerweil, wou daat Thema, op gutt Lëtzebuergësch gesoot, „giess ass“, ass dën Tenor op eemol e bëssen en aaneren. Et wär een zu kengem Ament Demandeur vir esou eng Reform gewiescht, an och hätt een sech zu all Moment d’Méiglegkeet vu gewerkschaftlechen Aktioune viirbehaal, heescht ët vu Säiten vun enger grousser Eisebunner-,  Staats- a Gemengenbeamten an Employé’s-Gewerkschaft.

Abee, do froën sech awer elo berechtegterweis sou munch Memberen a Nët-Memberen, wouvir een séng Oppositioun, ähnlech ewéi d’Policegewerkschaft SNPGL, da nët éischter däitleg gemeet huet vir nach eventuell déi eng oder aaner Verbesserung erauszeschloën.

Dëst virun allem virum Hannergrond, datt ee bis haut nët midd gëtt ze betounen, datt dës Reform eenzeg an alleng, zu Onrecht, vun der CGFP mam viirechte Ministerduo Biltgen-Modert ausgehandelt gi wär.

Zu dësem Zäitpunkt muss een also scho wierkleg ganz vill Fantasie a Naïvitéit opbréngen, vir deen do Engagement nach sérieux ze huelen.

Bei esou vill Opportunismus kann oder muss ee sech dann och ganz sérieux froën, wévill ët wierkleg mam gewerkschaftlechen Engagement, vun deem deen Här do schwätzt, op sech huet.

Ët wier vläicht an deem Sënn soulues un der Zäit vir endleg Courage um Terrain ze weisen, anstatt déi (vill ze) laang Sonndesrieden virzedroën. Courage vir eng anstänneg Gewerkschaftspolitik am Sënn vum beschäftegte Personal. Daat géif kengesfalls Fundamental-Oppositioun bedeiten, ma eng Gewerkschaftpolitik déi vum Personal an de Betriiber matt gedroë géif ginn.

Wann eis wierkleg eppes dru läit, deen ugekraazten Sozialdialog an eisem klenge Lëtzebuerg nach wëllen ze retten, da sinn och eis Gewerkschaften aktiv gefuerdert sech déi néideg materiell a personell Ressource’en ze ginn vir e Richtungswiessel an hiirer Attitude erbäi ze féieren, matt Konzepter an Alternativen déi d’Stroos haalen an hiire Numm och verdéngen.

Mir perséinleg hätte gär op eng Punktwerterhéichung an eng eemooleg Prime verzicht, wann doduerch déi eng oder aaner negativ Influenz vun där Reform, notamment waat déi jonk Generatiounen am öffentlechen Déngscht ugeet, hätt kënnen évitéiert ginn!

Starsky FLOR

Philippe HOFFMANN

Daniel DELBRASSINNE

Géraldine CANOVI

Pedro TAVARES

David BOCCAPERTA

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.