Lieserbréif vum Jean-Claude GrosbuschD'Fräiheet vum Journalist

An deene leschte Wochen huet sech déi folgend Fro gestallt: Muss ee Journalist sech alles gefale loossen, wann hien oder si e kritesche Reportage wëllt maachen?

Ee Journalist däerf a kengem Fall physesch ugegraff ginn, wann hien oder si en Interview mécht. Wann dat geschitt, wéi dat beim Här Lunghi de Fall war, ginn d'Grenze bäi Wäitem iwwerschratt.

Et ass net méiglech, datt de Journalist muss fäerten, fir Froen ze stellen, well soss d'Informatiounsfräiheet ënnerbonne gëtt.

An dësem Fall wier et nëmme richteg, wann de Staat op der Säit vum Journalist géif stoen. Dëse Beruff erméiglecht et jo, alle Bierger Informatiounen ze ginn: Nëmme sou kënne mir eis all eis perséinlech Meenung bilden.

D'Leit hu Recht, sou gutt wéi méiglech iwwert eng Problematik an enger ëffentlecher Institutioun informéiert ze ginn.

Wann dat net méi de Fall wier, misste mir eis Froe stellen, wéi wäit d'Fräiheet zu Lëtzebuerg nach méiglech ass.

Mir brauchen de véierte Pouvoir an eisem Staat, ouni dass dee Pouvoir vu Gewaltausbréch an d'Knéie gezwonge gëtt.

Eng Demokratie kann nëmme funktionéieren, wann d'Journalisten hir Froe kënne stellen. Och wann déi Froen net an de Konzept vum Direkter vum MUDAM passen, sou si se awer batter néideg, fir dass d'Leit informéiert ginn.

An de leschte Joren huet dat och ëmmer gutt funktionéiert an ech hoffen, dass sou grave Aktiounen net méi virkomme kënnen: an Zukunft muss all Journalist zu Lëtzebuerg seng Aarbecht kënne maachen, ouni kierperlech ugegraff ze ginn.

Eng argumentativ Sprooch ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir eng Debatt ze féieren.

Hoffe mer, dat dës Affaire een Eenzelfall bleift. Ee grousse Merci un all Journalisten an eisem Land, déi net fäerten, virun hir gutt Aarbecht ze maachen.

Jean-Claude Grosbusch

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.