Lieserbréif vum Jean BodenWat fir eng Zukunft fir Lëtzebuerg?

An deene leschte Woche si jo eng Rei vu Konferenzen a Presentatiounen organiséiert ginn am Kader vun den Diskussioune, wou mir als Gesellschaft respektiv eis Ekonomie an deenen nächste Joren histeieren. Besonnesch déi ganz Thematik ronderëm de Wuesstem gouf diskutéiert an hei verschidde Pisten opgeworf.

Allerdéngs goufen, menger Meenung no, just hallefhäerzeg hei nei Weeër thematiséiert. Fakt ass, datt mir net esou weider maache kënnen, wéi bis elo. Eisen aktuelle Wuesstem un Aarbechtsplazen an Awunner, war an der Vergaangenheet deelweis néideg a richteg, ass awer elo méi wéi u seng Grenze komm. Mir däerfen a kënnen net méi all Joer méi wéi 10.000 nei Aarbechtsplaze schaafen an domat och verbonnen, een ze grousst Uwuesse vun onser Awunnerzuel erméiglechen. All déi negativ Konsequenze vun esou engem Wuesstem op d‘Verkéiersproblematik, Wunnengen, technesch a logistesch Infrastrukturen asw, ginn op Käschte vun onser Liewensqualitéit. Awer och wa mir hei géigesteieren, hu mir och elo schonn ee grousse Challenge fir déi aktuell Infrastrukturen unzepassen, wéi z.B.: eise Stroossen- an Zuchreseau massiv auszebauen.

Konsequenterweis misste mir awer dann och prioritär eis Sozialsystemer op de Leescht huelen an op déi nei Situatioun upassen. Hei vir un allem ass eise Pensiounssystem viséiert, deen nach ëmmer faktesch ofhängeg ass vun dem aktuelle Wuesstem. Hei gëtt aus Angscht virun de Reaktiounen och just hallefhäerzeg doriwwer nogeduecht an net gehandelt. Wann déi aktuell Reserven an 10-15 Joer net méi do sinn, ass et ze spéit a wäert vill méi wéi doen.

Wat ech an deene ganzen Diskussiounen och vermëssen, ass déi europäesch, respektiv Groussregioun Perspektiv. Mir diskutéieren hei just am Kader vu Lëtzebuerg, wuelwëssend datt mir esou een Challenge guer net, ouni den europäesche Kontext ze berücksichtegen, kënnen ëmsetzen. Mir hunn eng bestoend Vernetzung an der Groussregioun hei, déi awer leider am ‚Dornröscheschlof‘ läit. Hei wier, menger Meenung no, eng Perspektiv fir amplaz, datt just Lëtzebuerg dës Groussregioun eidel sukkelt (ekonomesch gekuckt), fir rëm unzefänken zesummen ze schaffen a Léisungen ze fannen, wéi déi ganz Groussregioun kéint och wirtschaftlech zesumme wuessen. Wann hei deen néidege Wëllen an innovativ Ideen géifen zesumme kommen, wier dat eng formidabel Saach fir eis alleguer, a wier ee weidere Schrëtt zu engem Europa vun de Bierger.

Och bei der ‚Rifkin‘ Etude, déi keng Revolutioun ass, mee haaptsächlech just eng scho laang bestoend Evolutioun an ee grousse Kontext setzt, an dann och deelweis konkret Zilsetzunge proposéiert, vermëssen ech dësen europäesche Kontext. Dëst, an och eng Rei vun illusoreschen Zäitschinne respektiv déi fehlend sozial Approche, maachen déi gutt Usätz hei awer net manner wäert, awer alles steet a fält mat der Akzeptanz beim Bierger. An hei muss nach vill Opklärungsaarbecht gemaach gi fir esou eng komplex Thematik richteg ze vermëttelen. Ech selwer schléisse mech hei vun net aus.

Ee leschte Punkt, dee mir sauer opstéist, ass awer, datt eis Regierung hei kontradiktoresch Signaler setzt. Engersäits soll de Wuesstem, a Prozenter ausgedréckt, erofgoe respektiv duerch ee sougenannte qualitative Wuesstem ersat ginn, an doduerch och manner Aarbechtsplaze geschaafe ginn, anerersäits propagéiere se den 1,1 Milliounen Awunnerstaat bis 2050/2060. Dëst besonnesch duerch de Staatsbudget an déi laangfristeg Perspektiven hei. Wann een an Zäite vun Héichkonjunktur och nach ëmmer méi Scholde mécht, an dëst accordéiert kritt vun der EU Kommissioun mat eben dësem Zeenario vun engem 1,1 Milliounen Awunnerstaat, dann hu mir e Problem. Fir all déi Milliarden nei Scholden, déi op äis duerkommen an deenen nächste Joren, iwwerhaapt eng Kéier kënnen zréck ze bezuelen, misst mat engem regelmässegen Wuesstem vun 3-4 % gerechent ginn, an zwar och mat vill neien Aarbechtsplazen, well jo d’Lounsteier an d’Taxen/TVA um Konsum, jo d’Haapteinahmequelle vum Staat sinn. Hei bäisst sech, menger Meenung no, d’Kaz an de Schwanz. Eis Regierung wëll alles a schwadronéiert dofir. An hei kommen ech da rëm op eise Pensiounssystem zréck. Soulaang hei keng laangfristeg ugeluechte Reform um Dësch läit, sinn all déi aner Diskussiounen nëmmen hallef sou vill wäert.

BODEN Jean

Gonnereng



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.