Lieserbréif vum Marie-Andrée Faber"Mir sti fir d'Recht vum Kand"

Wéi mir den 9.November wéint eiser Petitioun Nr. 343 an der Chamber waren, huet t‘Madame Loschetter  bei der Begréissung gemengt, mir wären lo wuel frou, dat den Trump gewielt gin ass.

Wat genee wollt sie domat soen ?

Ausser dat  den Trump fir dat ongebuerend Liewen antrëtt, am Gegensatz zu der extrem agressiver Ofdreiwungspolitik vun der Hillary Clinton, gët et jo do wuel kaum Gemeinsamkeeten mam Schutz fir d‘Kand !

Wat   eis Vereinigung ugeet, sou zielt fir eis jidder Mënsch, egal wéi en ass, gesond oder krank, jonk oder al, fit oder handikapéiert, egal wéi eng Hautfaarf, Rass, Religioun, Weltanschauung oder geschlechtlech Orientéierung en huet.

T‘Würd vun all Mënsch ass an eisen Aan onantastbar !

Am meeschten awer sëtzen mir eis an fir déi Schwach, déi sech sëlwer nët kënnen verteidegen, a besonnesch  fir den Schutz vum Kand.

Mir hun eis Petitioun gemach, well mir et  äusserst bedenklech fannen, dat eppes, wat zënter Menschengedenken eng Selbstverständlechkeet , an eent vun den fundamentalen Kannerrechter ass,  nämlech t‘Recht op Mamm a Papp, lo riskéiert duerch déi nei Reproduktiounsmethoden a Fro gestallt, an duerch en Recht op en Elterndeel 1 an en Elterndeel 2 ersat ze gin.

Dëst Recht ass och verankert an der Kannerrechtskonventioun am  Artikel 7, déi vun Lëtzebuerg ënnerschriwen gouf.

Mir wëllen dat t‘Kand och weiderhin dat wonnerbart Geschenk ass, dat aus der Léift vun Mann a Fra entsteet, a mir wieren eis dergéint, dat et zur Wuer degradéiert gët, zum Objekt vun engem riesegen Maart, wou t‘Pappenroll an enger anonymer Somenspend besteet, an t‘Mammsin en lukrativt Tauschgeschäft ass, wou eng Fra fir eng aner Fra oder Koppel en Kand ausdréit, an op t‘Welt sëtzt, fir et dono bedenkenlos ofzeliweren !!

Den zukünftegen Generatiounen eng koherent Filiatioun, an soweit dat méiglech ass, eng intakt Famill vun Mamm,  Papp a Kand ze garantéieren, dat ass dat Uleies, fir dat mer eis mat allen Kräften asëtzen.

 

Marie-Andrée Faber-Schanen

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.