Lieserbréif vum RegruWann d'Vollek net méi verstane gëtt

Franséisch Politiker versichen de Moment, ënner sech dee richtegen ze fannen, fir virun allem géint d‘Marine Le Pen unzetrieden: http://www.rtl.lu/international/978148.html .

Als Bierger Angscht hunn, an se net kënnen artikuléieren, se also net ausdrécken oder wann, dann direkt falsch verstan an ze séier an e bestëmmten Eck gedréckt ze ginn, dat, oder besser nach, déi Méiglechkeet feelt ville Leit. Wou huet een a lëtzebuerger Medie vum Ausdrock iwwer „d’Gefor vun der Islamiséierung“ (vu ganz Europa) gelies oder héieren?

D'Bierger hu matkritt, datt den Islam sou net zu Europa gehéiert. Dee Sujet opgräifen a wëllen zwëschen engem reliéisen a politeschen Islam ënnerscheeden, bréngt näischt. De Bierger weess mëttlerweil, datt een déi Ënnerscheedung sou net ka maachen, well een domat dem Islam ongerecht gëtt. De Koran an d'Scharia mat den Hadithen sinn ee Ganzt a bilden den Islam; so wéi bei eis zum Deel Dräifaltegkeet – wat jo fir den Islam eng (strofbar) Häresie ass. Do an der Welt, wou den Islam d'Soen huet, do ass d'Gesellschaft op déi dräi Quelle vun deem Glawen ausgeriicht. Fannt ee Land, wou dat net stëmmt. Wann zueleméisseg an der Minoritéit, da stellen se nëmme Fuerderung op Fuerderung, well se eng nei entdeckt Fräiheet – déi se bei sech (doheem) ni haten – als en absolut Recht betruechten, fir just hir Iddien ëmzesetzen, egal wat déi virherrschend Gewunnechten a Gesetzer virschreiwen. Gäre sinn si och ëmmer d'Victime. A kee Politiker erkläert hinne kloer an däitlech, a mat Nodrock, datt bei eis aner Gesetzer, wéi reliéiser, grad där Fräiheet e weltlech-legale Kader ginn. Mir streiden héchstens ëm Kleedungsstécker, well keen op de Fong, op d'Essenz vum Islam wëllt oder däerf goen. Vläicht liesen eis Politiker och déi falsch Bicher?

D'Politik kann a wëll dee Sujet net thematiséieren; sécherlech net viru Wahlen. Se däerf de Sujet mol net opkomme loossen. Duerfir gëtt e jo och ignoréiert, séier ënnerdréckt oder nëmme ganz eesäiteg – just als d'Radikalisierungsmethod fir d'Jugend – betruecht an iwwer bekannte Fernsehsender och sou jorelaang behandelt, bis kee méi eppes vun deeër Ideologie héiere kann a wëll.

Wat sollen déi dräi franséisch Politiker am uewen zitéierten Artikel da wëllen änneren? Natierlech de Chômage erofdrécken! Nëmmen ee vun hinne stellt sech spéider der Marine Le Pen. Firwat hunn ë.a. déi dräi Männer dann Angscht virun där Fra? Wat huet déi méi (!), wat si net hunn? Firwat sammelt déi dann sou vill Leit hannert sech? Dat muss dach seng Ursaachen hunn? Léiwer gräifen se d'Persoun (spéider) un. Firwat ass Groussbritannien ë.a. aus der EU ausgetrueden; firwat eng AfD (Alternative für Deutschland); firwat huet en Trump (trotz all sengen Aussoen) op eng ganz demokratesch Manéier gewonnen?

Dach bestëmmt net well all déi Wieler Idiote sinn.

Bei deenen nächste Wahle bei eis, bleiwen eis bestëmmt och sou noutwenneg Diskussiounen erspuert. Do geet da Rieds iwwer de Millioune-Staat, dee kënnt, ob mir e wëllen oder net. Kee Politiker stellt d'Fro, ween da komme soll! Eng aner Fro déi opdaucht ass déi, op d'Fra dann dach net rëm misst doheem (beim Këndche) bleiwen? Oder op Ëmweeër dauchen sou an ähnlech Froen dann op.

Et stellt sech beemol nach ganz akut d'Fro, op net déi 80 Millioune moslemesch Tierke ganz séier an d'EU opgeholl misste ginn, fir eis als NATO-Partner géint de russeschen Afloss (am Osten) besser ze schützen? A firwat Leit sou héich alimentéieren, déi net gewëllt sinn ze schaffen an domat d'Keesen zolidt vun deene belaaschten, déi jorelaang dran hu misse bezuelen, a spéider manner erauskréien (bei de Renten) wéi virgesinn? Vun noutwennegen Ausnahmen ofgesinn! E soziale Staat wëllt a soll natierlech net asozial ginn. Mä, op en sech net op laang Zäit – duerch Ëmstänn ausserhalb vu sengem Aflossberäich bedéngt – dach net selwer ofschaaft?

D'Wieler heiheem kréien den europäesch-politeschen Trend – och nach Richtung genannt - genau sou gutt mat, wéi d'Amerikaner bei sech. An d'Demoskopen mat hire Mega-Super-Computer-Programmer hunn sech dohanne blaméiert, wéi nach ni.

D'Merkel trëtt also fir di 4. Kéier un. Duerch si sinn dach all déi Joere ganz vill Problemer, net nëmmen op Däitschland duerkomm. Wëllt si lo als Retterin, als 'Jeanne d’Arc II.' an d'Geschicht agoen?

D'Wieler sinn haut net méi déi, déi se mol woren. D'Politiker awer hunn net changéiert. Besonnesch déi Beruffspolitiker sinn an Dar am Ae vu ville Bierger. Net nëmmen heiheem. Se sinn ze vill ideologesch gefestegt an un hir Partei gebonnen. Also no de Wahle wéineg gedanklech beweglech!

Wann een seng Ängschten net kann ausdrécken… well och nach keen drop lauschtert oder se héchstens minimiséiert bis ridiculiséiert, besteet dann net d'Gefor, datt déi Gefiller sech als Haass manifestéiere kënnen, en Haass deen sech souguer géint di etabléiert politesch Landschaft riicht, well déi jo äntwerte misst, et awer net mécht oder keng Partei sech ubitt, fir dat Uleies – vun ëmmer méi Leit - ze thematiséieren an et domat wéinstens ze kanaliséieren? Politiker hu selwer Angscht, datt beemol Leit an e Generalverdacht kéinte geroden, wéi d'Moslemen, an domat Wielerstëmme verluer ginn. Et geet hei ëm den Islam, net ëm d'Moslemen! Sollt deen Androck dach hei entstane sinn, dann hunn ech mech net kloer ausgedréckt. Allerdéngs, verlaangt en Openthalt an Europa net e Behuele vun deene Leit aus friemer Kultur oder mat frieme Gebräicher, dat een ugepasst nennt? Sou wéi mir dat bei hinnen och misste maachen?

Ass dat ze vill verlaangt? Frot mol äre lokale Politiker, a wat e gedenkt ze ënnerhuelen, fir e friddlecht Niewenaner? MIR misste bestëmmt méi tolerant ginn!

Regru

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.