Lieserbréif vun "Jugend24"Wat fir eng Hypocrisie… !

Op der Editioun 2016 vum chrëschtlechen Eisebunnerverband Syprolux sengem Kongress hunn deem séng Verantwortleg ausdréckleg bedauert, datt opgrond vun där vill diskutéierter an op mannst genee esou vill kritiséierter Reform vum Statut an de Gehälter an der fonction publique, déi national Eisebunnsgesellschaft als Patron un Attraktivitéit verluer hätt. Daat konnt een direkt an e puer Dageszeitunge liesen.

Viru na nët all ze laanger Zäit haate mir an deem Kontext schonn emol op déi nët grad kohärent Haltung vun där enger oder aanerer Gewerkschaftsorganisatioun aus dëm öffentlechen Déngscht bei deem Thema higewisen. Am  Leitartikel vun engem Gewerkschaftsblad ass viru kuerzem, wuelgemierkt nodeems dës Reform scho laang a Kraaft wor, op eemol vun enger « onsäglecher Reform » Rieds gaangen. Majo dann. Do si mer da schonn e bësse verdaddert a musse feststellen, datt mir wahrscheinlech viru ronn annerhalwem Joër carrément an engem falsche Film woren.

Ët gouf vun de Gewerkschaften ëmmer nees betount, datt een trotz de sëlleche nët sou flotten Aspekter vun där Reform, déi puer interessant Dispositiounen grad esou géiw matt ëmsetzen.

D’Méiglegkeet vun engem sougenannte changement d’administration, enger réduction de stage, enger anstänneger an uniformer Iwwergangsperiod vu 5 Joër oder beispillsweis der Schafung vu Bachelor-Carrièren ouni Promotiounscritèren – esou wéi ët och am Gesetz vum 25. März 2015 virgesinn ass – hätt der Basis a sou munchem Secteur vum öffentlechen Déngscht vill Onmutt erspuert.

Och a virun allem hätt ee kënne generell vun der Gelegenheet profitéieren vir dën oftmols iwwerliewten Examenssystem an der fonction publique anstänneg op de Leescht ze huelen. Ma all daat ass nët geschitt.

Elo wor ët dann also um Syprolux vir déi dach awer iergendwéi lëschteg Feststellung ze maachen, déi Reform vum Statut an der fonction publique wier wuel awer nët grad esou daat Gielt vum Ee. E Syprolux deen, ganz niewebäi bemierkt, a séngem Secteur bei der Transpositioun vun där Reform genee esou matt u Bord wor wéi séng roud Konkurrenz.

Wonneren deet eis dann awer alt nees, wouvir dës Aussoën elo eréischt vun der Gewerkschaftsfront kommen, méi wéi e Joër nodeems déi Reform a Kraaft getrueden ass an daat Thema u sech Schnéi vu gëschter ass. D’Konsequenzen gi par contre elo lues a lues vir jiddereen offensichtleg. Verschidde Gewerkschaften sinn esouguer an direkt e puer Secteuren matt der Ëmsetzung vun där Reform befaasst.

De Fait datt déi éirewärt Gewerkschafter elo iwwer esou en Text hierfaalen ass also scho cocasse, vu datt ët genee déi selwecht Personnage sinn, vu rouder genee sou wéi vu schwaarzer Couleur, déi dësen am Sënn vum beschäftegte Personal sollen aushandelen.

Mir haalen also fest: Vir d’éischt verhandelen dës Leit en Text, da setzen hier Ënnerschrëft drënner, vir am Nachhinein iwwer genee dee selwechten hierzefaalen. Besser kéint een e politesche Cabaret kaum schreiwen.

Ma verwonnerlech ass daat u sech nët, de grousse Brudder CGFP haat hinnen ët jo séngerzäit esou virgemeet wéi Romain Wolff a co matt hierem eegenen Text bei de Conciliateur gaange sinn.

Ët freet ee sech nun awer haut, waat dann do lass wor, wéi déi Reform ëmgesaat an a Kraaft getrueden ass. Woren d’Verhandlungspartner op der Gewerkschaftssäit einfach dépasséiert, oder hunn se ët nët esou déck komme gesinn?

Fakt ass, ganz vill Leit aus der fonction publique hunn deemools virun esou Konsequenzen a Niewewierkunge gewarnt. Sie hu vill Froën un hir Vertriedunge gestallt, ma ët huet een d’Basis trotzdem konsequent ignoréiert, a se schlussendleg virun e fait accompli gesaat.

Déi eng oder aaner Organisatioun ass suguer esou wäit gaang, vir sech dën Text ënnert enger Zort vu  Virspigelung vu falschen Tatsaachen an zréckgehaalenen Informatiounen op theatralesch Art a Weis vun der Basis oofseenen ze loossen.

Vill, immens vill gouf sech deemools mam Bewertungssystem befaasst, obwuel deen dëm Personal am Endeffekt dee mannste Bauchwéi mecht. Di grouss Majoritéit an dën öffentleche Betriiber brauch dee nämleg nët ze fàrten. A wann duerch de Bewertungssystem déi puer nët sou fläisseg Kollegen entlarvt ginn, da sollt eis daat um Fong och nët wierkleg stéieren. Fläiss an Engagement solle schliesslech och am öffentlechen Déngscht belount ginn. Ëmmerhin sinn ët jo och d’Aarbechtskollegen déi daat musse kompenséieren, waat déi puer wéineg nët esou fläisseg Mattaarbechter vun Aarbecht iwwreg loossen.

Esou koum ët wuel, datt een déi aaner, eigentleg vill méi essentiell Saachen, méiglecherweis aus dën Ae verluer huet. Oder?

Ët si jo wuel juristesch Expert’en, geléiert an dichteg Leit, déi matt de Verhandlunge vun dëse Reformgesetzer a Règlements Grand-Ducaux’en op der Gewerkschaftssäit befaasst sinn.

Wéi ass ët virun deem Hannergrond da méiglech, datt een elo op eemool séngem eegenen historësche Meeschterwierk selwer nët méi traut an ee versicht dëst elo nees aus der Vitrine erauszehuelen?

Ët bleiwt deemno interessant. Virun allem am Hibléck op dën Abstentioun’s-Taux bei de nächste Sozialwahlen a sou munchen öffentleche Betriiber. Well daat ass daat eigentlecht an aussagekräftegst Resultat bei all Vote.

A bis dohi wärt se jo dann och bei de Gemengen färdeg ëmgesaat sinn, dës ominéis Reform.

Fest steet op alle Fall, datt d’Haltung deen eise lëtzebuerger Gewerkschafts-Establishment sech iwwer Joëren zueege gemaach huet, aktiv matt dozou bäidréit, och am öffentlechen Déngscht sougenannt Wutbierger ze cultivéieren. Datt aktiv Gewerkschafter aus öffentleche Betriiber sech mëttlerweil a riets-populistesche Parteien engagéieren, léisst an deem Sënn ganz déiw blécken a mécht eis Angscht.

Spéitstens no de Sozialwahlen ass d’Kaz awer hoffentleg aus dem Saack an d’Äntwert op d’Fro do, ob d’Gewerkschaften hiere Rôle an eisem Ländche wierkleg nach spillen oder ob éischter all Crédibilitéit verspillt ass.

Vläicht géifen awer och sérieux Noverhandlungen zum Reformtext an der fonction publique, oder awer virgezunne Sozialwahlen dën allgemenge Knuet, deen offensichtleche Malaise tëscht der Basis an de Gewerkschaftsspëtzten oplockeren. Selbstkritik oder zumindest eng fräiwëlleg Afrostellung géifen en éischte klenge Schrëtt a Richtung Besserung duerstellen.

E grondsätzleche gewerkschaftspolitesche Richtungswiessel ass a bleiwt onauswäichlech, matt alle personellen an organisatorësche Konsequenzen déi daat matt sech bréngt. Der staark ugeschloener Glaafwierdegkeet vun de Gewerkschaften wär dann awer matt Sécherheet eppes entgéint gesaat.

Mir géifen eis freeën wann all déi Leit déi sech wëlle matt eis solidaresch erklären, ons e klenge Message op eis Kontaktadress jugend24@yahoo.com géife schécken.

Starsky FLOR

Daniel DELBRASSINNE

Philippe HOFFMANN

Alain NICKS

Pol MERTENS

Pedro TAVARES

Fausto SORCINELLI

David BOCCAPERTA

Adriano DE LUCA


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.