Lieserbréif vum Marie-Andrée FaberFranséisch, eng "langue de survie"?

Et kënnt een bal mengen, wann een e beschen ronderëm sech kuckt, wat do leeft !

Am alldeeglechen Liewen vergeet bal keen Dag wou een nët gezwongen gët, sech an dèr Sprooch ze verstännegen, well een soss net weiderkëmmt, sief dat beim Bäcker, am Supermarché, oder am Restaurant.

Gët et an enger Versammlung, enger Konferenz, oder Vereinigung och nëmmen een Mënsch, deen keen Lëtzebuuergesch schwëtzt, da geet alles prompt op franséisch, wann do net zoufälleg en Interpréiter ass oder Kopfhörer sin.

T‘Asti beharrt drop, dat t‘Flüchtlingen statt eis Sprooch mol vir t‘éischt Franséisch léieren sollen, well een soss keng Chance um Arbechtsmaart hätt, an dat obschons der vill vun hinnen gèren giffen sech mat den Lëtzebuerger an hirer Sprooch ënnerhalen, fir sech besser ze integréieren.

An der Schoul huet t‘Léierpersonal dëst Joer ongefrot t‘Erklärungen fir t‘Elteren op franséisch gin.

Neierdengs goufen verschidden Informatiounsblieder nëmmen op franséisch, an höchstens ganz kuerz, als Zesummenfaassung, op deitsch verfasst.

Deen Sprochenproblem kann souguer am Extremfall eng Fro vun Liewen an Dout sin an enger Klinik, wann en alen, schwéierkranken Mënsch nët méi an der Lag ass sech an enger friemer Sprooch auszedrëcken !

Mir stin also wirklech virun enger echter Herausfuerderung, an eis Sprooch schengt effektiv a Gefor ze sin, iwer kuerz oder lang an villen domainen duerch t‘Franséischt verdrängt ze gin.

Do hëlleft et neischt ze son et géif nach nie souvil Lëtzebuergesch geschwat a geschriwen. Déi gefillten Wirklechkeet ass eng aner.

Gewëss ass ons Méisprochegkeet en Atout, an et ass och ganz flott sech bal iwerall am Ausland mat den Awunner an hirer Sprooch ze ënnerhalen.

Mee gleichzeiteg ass dat en zweeschneidegt Schwert, well t‘Auslänner dat jo wëssen, an duerfir automatesch unhuelen, dat se keng Ustrengung ze man brauchen, fir eis Sprooch ze léieren.

Wat sin lo t‘Léisungen an dëser Situatioun ?

Et kënnt een, wéi den Claude Meisch dat proposéiert huet, t‘Lëtzebuergescht, genee wéi z.B. Maltesescht oder t‘Gälescht als offiziell Sprooch am Europaparlament unerkennen loossen, ouni lo forcément jidder Dokument ze iwersetzen, an et an eiser Verfassung verankeren.

Och déi vill Sproochenkuren uechter t‘Land machen Courage.

T‘ass zweifellos och en positiven Usatz dat lo an all Crêche an an all Schoul t‘Lëtzbuergescht obligatoresch gët.

T‘ass och neischt géint e puer Brocken Franséisch an der Précoce an an der Spillschoul ze son.

Bei der Crêche sin allerdings Virbehalter ubruecht.Vir t‘éischt muss e Kand bekanntlech a senger Mammensprooch gefestegt sin, ir et eng aner Sprooch kann léieren. Doran sin sech all Sprochenwëssenschaftler eens.

Ausserdeem sin déi Kanner déi nët an t‘Crêche gin, domat diskriminéiert.

Mee och mir Lëtzebuerger sëlwer kënne ganz vill dozou beidron, dat t‘Lëtzebuergescht mei Unerkennung kritt.

Mir mussen weisen, dat eis Sprooch eis wichteg ass.

Mir sollen mol vir t‘éischt nët automatesch an den Butteker t‘Leit op franséisch, mee op Lëtzebuergesch uschwëtzen. Méi wéi eemol fënnt een dann raus, dat een et mat engem Lëtzebuerger ze din huet.

Oft gët och doduerch en Francophonen motivéiert,daat, wat en am Sprochencours eigentlech geléiert huet, ze praktizéieren.

Wann en sech dann drunget, heescht et heen doran ze ënnerstëtzen, an nët aus falsch verstanener Frëndlechkeet, a seng Sprooch zee verfalen.

Et gët also op béid Seiten, Effort‘en a gudden Wëllen verlangt, fir dat eist Zesummenliwen kann funktionéieren, an eis Sprooch eng Zukunft huet, an „iwerlieft“.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.