Lieserbréif vum Roby ZennerVu wäisse Strécher, blanne Spigelen an éiwege Luuchten

Ganz sécher hunn den Hierscht an de Wanter grad wéi di aner Joreszäiten hire Charme, wann een am Stroosseverkéier net bräicht mat deene wäisse Strécher op der Strooss, deene blanne Spigelen op munnech Kräizungen an deenen éiwegen Niwwelluuchten eens ze ginn.

Dat schéngen un sech eigentlech nëmme Klengegkeeten ze sënn ; mee esou wéi eng Rees vun 1000 km mam éischte Schrack ugeet, sou fänkt d’ Sécherheet op der Strooss ebe mat esou Klengegkeeten un an net mat deene Megaprojeten, vun deenen den Nohaltegkeetsminister esou gär andauernd mat geschwollener Broscht schwätzt.

Wann een op der Strooss emol e bëssen drop oppasst, da gesäit ee ganz séier, op wéivill Plazen am Land datt et guer keng wäiss Strécher op der Strooss gëtt an op anere sënn se méi gro a schwaarz wéi wäiss. A wann een dann emol op enger Strooss fiert, wou d’ Strécher schéi wäiss sënn an doniewent um rietse Bord och nach e wäisse Stréch ass, da mierkt een, wéi ongezwongen an net nervös ee bal ganz sécher ka fueren.

Datselwecht gëllt fir Spigelen op de Kräizungen. Wat fir e Wäert hunn déi eigentlech, wou se dach op d’ mannst dräi, véier Méint ugelaf an dräi, véier Méint duerno souzesoe ganz veräist sënn ?

Mat e bësse Méi a besonnesch mat guddem Wëlle kinnten de Staat an d’ Gemengen déi zwou Moossnamen ouni groussen Opwand a besonnesch mat ganz wéinege Käschten  an der Rei halen.

De Staat an d’ Gemenge kënnen allerdéngs bal näischt ënnerhuelen, fir deene Chauffeuren opzehëllefen, déi ugaangs Hierscht beim klengsten Niwwel  d’ Niwwelluuchten um Auto umaachen an se eréischt ëm Ouschteren erëm ausmaachen. An hier verschidden Aktioune fir d’ Sécherheet misst d’ Police sech och emol deenen hirer unhuelen, déi an deem Sënn absolut op de Code de la route fleeten.

Wa mer schonn eppes wëlle géint d’ Accidenter a fir d’ Sécherheet op der Strooss ënnerhuelen, da w.e.g. och di kleng an di ganz kleng Aktiounen an de Viséier huelen.

                                                                                                Roby ZENNER



 

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.